En Haus hat um 2:18 Auer zu Ettelbréck an der Rue Guillaume gebrannt. D'Police huet e Mëttwoch den Owend nach e puer Detailer zum Asaz matgedeelt, nodeem een 81 Joer ale Mann gestuerwe war. D'Secouriste wieren direkt op der Plaz gewiescht an hätten den eelere Mann, deen un d'Bett gebonne war an net vum selwe konnt eraus, aus dem Gebai gebuergen. Trotz Reanimatiounsversich wier de Mann nach op der Plaz gestuerwen, deelt d'Police mat.
De Parquet huet eng Autopsie an Optrag ginn an d'Police ermëttelt zu den Ëmstänn vum déidleche Feier.
D'Secouriste mat engem gréisseren Dispositif op der Plaz, dorënner de Pompjeeën aus den Asazzentren Nordstad, Colmer, Angelduerf, Miersch, Biissen a Jonglënster. Och e SAMU aus dem CHL war sur place, wéi och de Groupe d'appui technologique opérationnel (GATO) an de Centre de gestion des opérations (CGO).
Wéi de CGDIS e Mëttwoch de Moien an hirem Communiqué matdeelt hat, wier den eelere Mann vun de Pompjeeën ënner Asaz vun Otemgeräter aus dem Gebai befreit ginn a wier och vum SAMU en charge geholl ginn, ma trotz all Efforten ass hien un hire Blessure verscheet. Dräi weider Persoune goufen op der Plaz medezinesch ënnersicht.
Och eng Ekipp vum Groupe de soutien psychologique war op der Plaz, fir Zeien a Bekannter en charge ze huelen. Den Asaz war nach bis Mëttwochmoien amgaangen. Eng 50 Pompjeeë ware bedeelegt an eng Warn-SMS war un d'Ettelbrécker Residentë geschéckt ginn.
Da gouf et nach zwee weider Asätz wéinst Hausbränn en Dënschdeg den Owend zu Hierber an an der Nuecht op e Mëttwoch zu Déifferdeng. Méi Detailer zu dëse fannt Dir hei: