
Beim gréissere Police-Asaz um Sonndeg am Nomëtteg zu Fréiseng war d’Spezialunitéit op der Plaz. En Appartementshaus war ofgeséchert ginn.
Engem Pressespriecher vun der Police no hat eng Persoun sech doheem verbarrikadéiert an d’Unitéiten hätte si missen erausbréngen. An engem Communiqué präziséiert d’Police, dass och eng Equipe vu Mediateure mat op der Plaz war, fir Kontakt mat der concernéierter Persoun opzehuelen.
Géint 15.15 Auer wär den Asaz ouni Blesséierter ofgeschloss ginn.
Genee Hannergrënn nennt de Presse-Service vun der Police net.