

Zu Ueweraanwen huet an der Nuecht géint 4.30 Auer en Haus gebrannt, hei ass awer kengem eppes geschitt.
Den 112 mellt zwee Accidenter de Mëttwoch den Owend mat all Kéier engem Blesséiertem. Zu Ettelbréck an der Kanalstrooss si géint 17.30 Auer zwee Autoen anenee geknuppt. An tëschent Nidderfeelen an Heischent ass géint 18 Auer en Auto an e Bus gerannt.
E Mëttwoch de Moie gouf et dann nach en Accident tëscht dem Antoniushaff an der Éimeschbaach. En Automobilist ass mat sengem Gefier an e Bam gerannt. 1 Persoun gouf verwonnt.