Quadripartite"Mir wëlle mat manner Sue méi maachen", esou d'Martine Deprez

Dany Rasqué
D'Regierung, d'Sozialpartner an d'Prestatairë beroden iwwert déi aktuell Situatioun.
Gesondheetskeess: Hausse vun de Cotisatiounen nach ëmmer méiglech.
© René Pfeiffer

Zënter Jore klamme bei der CNS d'Ausgabe méi séier wéi d'Recetten. Fir dëst Joer gëtt aktuell mat engem provisoreschen Defizit vun 133,3 Milliounen Euro gerechent. Fir 2027 geet ee vun engem Defizit vu bal 190 Milliounen aus.

An der Hierschtquadripartite gouf e Mëttwoch iwwert déi Chifferen diskutéiert an iwwert de Risiko, datt 2027 net méi de minimale legale Seuil, also 10 Prozent vun de Reserven, erreecht gëtt. Nei ass dat net.

Et gëtt scho méi laang driwwer diskutéiert, wéi een d'Comptë vun der Gesondheetskeess erëm an den Equiliber kritt. An de leschten 12 Méint goufe méiglech manner Ausgabe vu ronn 95 Milliounen Euro identifizéiert, seet d'Ministesch zum Beispill bei de Medikamenter, wou méi kéint op Generike gesat ginn a wann et ëm Abus a Fraude geet.

Et gouf awer och iwwert eng minimal Hausse vun de Cotisatioune geschwat. Eng Hausse vun 0,125 Prozent fir d'Patienten a fir d'Patrone géif et erlaben, d'Reserve bis 2030 bei ongeféier 11 bis 12 Prozent ze halen. Kee vun de Partner ass géint eng Hausse.
Déi Decisioun gëtt awer net an der Quadripartite geholl, mä am Verwaltungsrot vun der CNS, esou wéi den Artikel 30 vum Code de la sécurité sociale dat virgesäit.

Deen ass den 11. November beieneen an eng Hausse géif op den 1. Januar 2027 applizéiert ginn. Et wier déi éischte Kéier zënter 2011, datt d'Cotisatioune géife klammen, awer ouni Leeschtungsverschlechterungen.
D'Ministesch fir d'Santé an d'Securité sociale, d'Martine Deprez seet, datt ee mat manner Sue méi maache wëll.

Back to Top
CIM LOGO