Vum Parquet validéiert181 Führerschäiner dëst Joer wéinst Alkohol agezunn

Tim Morizet
Lisa Weisgerber
An der Nuecht op e Freideg hat de Parquet d'Beamte vun der Police op verschidde Plazen am Land geschéckt, fir Alkoholkontrollen ze maachen.
181 Führerschäiner dëst Joer wéinst Alkohol agezunn
An der Nuecht op e Freideg hat de Parquet d’Beamte vun der Police op verschidde Plazen am Land geschéckt, fir Alkoholkontrollen ze maachen.

An der Nuecht vum 12. op den 13. Februar goufen op Requisitioun vum Procureur sechs Alkoholkontrollen uechtert Land organiséiert.

Iwwert 400 Automobilisten hunn en Donneschdeg den Owend misse blosen. An der Regioun Norde goufen et dräi Alkoholkontrollen. Zu Iechternach waren 32 Beamten am Asaz. Jiddereen, deen tëschent 21 an 22 Auer duerch d’Agangsstrooss gefuer ass, gouf kontrolléiert.

Reegelméisseg ginn esou grouss Kontrolle gemaach. D’Chauffere mussen een Alkoholtest maachen an hir Pabeiere weisen. Am Fall vun Irregularitéiten, gëtt de Chauffer erausgewonk. “Wann den éischten Test positiv ausfält, muss de Chauffer säi Gefier stoe loossen, a gëtt vun engem Polizist bei d’Camionnette bruecht, wou een zweeten Test gemaach gëtt deen eng Force Juridique huet”, erkläert de Chef de service national de circulation et de sécurité routières, Charles Faber.

© RTL-Grafik

2025 goufen iwwert 1.400 Permisen agezu wéinst Alkohol um Stéier, déi spéider vum Parquet validéiert goufen. Dëst Joer, a knapp eng an engem hallwen Mount, leie mir scho bei 181 Führerschäiner. D’Limitt vum Alkohol am Blutt hänkt vun der Persoun hirem Führerschäin a Statut of. Wann de Fuerer net an der Stagezäit vum Permis ass oder Beruffschauffer ass, läit d’Limitt bei 0,5 Promill. Am Stage a bei Beruffschauffeuren ass dës Limitt op 0,2 Promill erofgesat.

De Code de la route gesäit verschidde Strofe fir, ofhängeg vun der Quantitéit un Alkohol am Blutt. Tëschent 0,5 an 0,8 Promill sinn et 145 Euro an 2 Punkten. Vun 0,8 bis 1,2 Promill verléiert ee 4 Punkten. Wann een iwwert 1,2 Promill ass, da kann d’Geldstrof bis zu 1.000 Euro sinn, 6 Punkten an de Führerschäi kann direkt agezu ginn an oder eng Prisongsstrof.

Wann den Alkoholtest negativ ausgefall ass, d’Pabeieren an der Réi sinn an et sos keng Opfällegkeete gouf, kann d’Persoun och weiderfueren.

Back to Top
CIM LOGO