Zu Beggen suergt d'Schoulorganisatioun bei engem Deel vun den Eltere fir Onzefriddenheet. Konkret geet et dorëms, datt vun der Rentrée am September u keng Bëschklass méi ugebuede wäert ginn. Vun der Stad Lëtzebuerg heescht et, datt net genuch Kanner ageschriwwe sinn an een dowéinst net déi néideg personell Ënnerstëtzung vum Educatiounsministère kritt. D'Eltere weise sech iwwerdeems enttäuscht.
Et géing u personeller Ënnerstëtzung duerch den Educatiounsministère feelen. Een Deel vun de concernéierten Eltere weist sech enttäuscht.
Reenjacketten, waasserfest Boxen a Stiwwelen, déi Dose Kanner, déi aktuell zu Beggen an d'Bëschklass ginn, hate sech gutt op dat naasst Wieder agestallt. Um Mëttwochmoie gouf an der Entrée vum Bësch an der Rue de Marville vun der Stad Lëtzebuerg eng Roulotte ageweit, déi d'Bëschklassen, awer och "normal" Klassen, fir Aktivitéiten an der Natur notze kënnen. Et ass da schonn e bëssi ironesch, datt dat nächst Schouljoer zu Beggen keng Bëschklass ugebuede wäert ginn. Dowéinst waren dann och 8 Elterendeeler vu concernéierte Kanner op der Plaz, fir mat de Vertrieder vum Stater Schäfferot an d'Gespréich ze kommen an hir Onzefriddenheet auszedrécken. De Schoulschäffe Paul Galles seet, datt och d'Stad Lëtzebuerg net frou iwwert déi Situatioun wier, ma et géing direkt e puer Grënn ginn, op déi d'Gemeng deels guer keen Afloss hätt.
"Et läit un der Konditioun, datt mer genuch Kanner brauchen, déi sou eng Bëschklass brauchen oder wëllen, bezéiungsweis dann awer och eng Klass kënnen opmaachen, fir déi Kanner, déi net wëllen an d'Bëschklass goen, well dat ass dat gutt Recht vun den Elteren. Dann hänkt et drun, datt mer een Enseignant oder eng Enseignante brauchen, déi de Brevet dofir huet, well eng Bëschklass ass ëmmer eng besonnesch Klass an do muss een awer bëssi anescht Schoul halen. An dann hänkt et nach drun, datt déi Kanner, déi am Précoce sinn, an hei geet et ëm déi Kanner, eng Educatrice brauchen, déi de Ministère eis zur Verfügung stellt a mat där Zuel vu Kanner, déi mer dëst Joer am Ufank bei den Inscriptiounen haten, krute mer déi Ressource net."
Fir dat nächst Joer sinn zu Beggen 19 Kanner ageschriwwen, dobäi kënnt ee Kand, dat op der Waardelëscht steet, well et réischt puer Wochen nom Delai ugemellt gouf. Ma och mat 20 Kanner hätt ee keng zousätzlech personell Ënnerstëtzung kritt. Dëst Joer waren 23 Kanner ugemellt, wat duergaangen ass, fir eng zweet Educatrice ze kréien. Et ass awer net wierklech kloer, ob dat vun 21, 22 oder 23 Kanner un de Fall ass, do géing och ëmmer d'Personalsituatioun mat eraspillen. Verschidden Elteren haten nach d'Hoffnung, datt een an deenen nächsten Deeg oder Woche genuch Kanner beienee krit, mee dofir wier et elo ze spéit.
"Also mir musse jo oppassen, datt mer lo net mat de Kanner Tetris spillen, datt mer d'Kanner lo nach bëssi dorëmmer verréckelen. Et ass an deem Sënn leider ze spéit, well d'Schoulorganisatioun ass jo gemaach. An dat bedeit och, datt déi Enseignante, déi d'lescht Joer d'Bëschklass hei gehalen huet lo net méi zu Beggen ass, well déi jo gemierkt huet, dee Moment, wou d'Inscriptioune waren, do sinn net genuch Kanner an dofir ass si lo leider net méi hei. A mir brauchen eben eng Enseignante oder een Enseignant mat engem Brevet, an deen hu mer lo hei zu Beggen net méi."
Déi Erklärunge kéint een zwar deels novollzéien, mee zefridde wier een domadder trotzdeem net, esou d'Diane Almeida, déi wollt, datt eent vun hire Kanner dat nächst Joer an d'Bëschklass geet.
"Ça c 'est pas satisfaisant pour nous, mais qu'est-ce qu'on peut faire en plus? Ils nous ont communiqué, qu'ils pouvaient parler avec les enseignantes responsables pour venir un peu plus souvent en forêt. Ç a nous plaît pas du tout, mais malheureusement pour cette année on doit accepter, peu-être pour l'année prochaine ça peut changer."
Dem Paul Galles no wéilt een zu Beggen och nees eng Bëschklass ubidden, et missten ebe just all d'Konditiounen erfëllt sinn.
Aktuell gëtt et um Territoire vun der Stad Lëtzebuerg eng 5-6 Bëschklassen an dräi Roulotten, déi am Prinzip all d'Klassen am Bësch notze kënnen. Vun enger Bëschklass schwätzt een iwwregens, wann d'Kanner dräi Deeg an der Woch an de Bësch ginn.