CGDISZu Beefort hat an der Nuecht op e Mëttwoch en Haus gebrannt

RTL Lëtzebuerg
D'Pompjeeë goufe kuerz no Hallefnuecht op e Brand an d'Eppelduerfer Strooss zu Beefort gefort, well do en Haus a Flame stoung.

D’Pompjeeën vun Waldbëlleg, Konsdref an Iechternach hunn hir lokal Kolleegen ënnerstëtzt. Blesséierter gouf et dobäi net. Zur Sécherheet war awer och d'Ambulanz vun Iechternach op der Plaz.

Back to Top
CIM LOGO