Nogefrot bei MeteoluxPresuméierten Tornado war eng Triichterwollek

Tom Nols
Dat, wat en Donneschdeg den Owend am Südweste vum Land um Himmel observéiert gouf, war keen Tornado, mee eng sougenannten Triichterwollek. Meteolux huet eis erkläert, wéi et zu deem Wiederphenomen komme kann.
D'Triichterwollek war och zu Käerjeng ze gesinn
D'Triichterwollek war och zu Käerjeng ze gesinn
© Christian Müller

Op den éischte Bléck hat ee kënne mengen, do géif sech eng Aart Tornado zesummebrauen. De Wiederphenomen, dee just ronn 10 Minutten z'observéiere war, huet sech um Enn als sougenannten Triichterwollek erausgestallt. Den engleschen Term dofir ass "Funnel Cloud". Wéi esou Wolleken entstoe kënnen, huet eis de Luca Mathias, Meteorolog bei Meteolux, erkläert:

De Luca Mathias vu Meteolux - Deel 1
Wéi entstinn Triichterwolleken?

An de soziale Medie war spekuléiert ginn, et wier en Tornado gewiescht. Dat war hei awer kloer net de Fall, sou de Luca Mathias:

De Luca Mathias vu Meteolux - Deel 2
War et eng Aart Tornado?

Um Enn hate mir et hei mat engem éischter ongeféierleche Phenomen ze dinn. Trotzdeem ass Meteolux awer frou, wa si esou Observatioune matgedeelt kréien:

De Luca Mathias vu Meteolux - Deel 3
Meteolux kann een ëmmer kontaktéieren

All Weider Informatiounen op meteolux.lu.

© Christian Müller

Liest dozou och:

Back to Top
CIM LOGO