
DʼKlorecht ass d’Recht vun all Persoun op e Geriichtsprozess an en Urteel, onofhängeg dovun, ob dëst zu hire Gonschten ausfält oder net. Zu Lëtzebuerg hänkt dʼKlorecht dovun of, ob et en Interêt an eng Berechtegung fir ze kloe gëtt. Béid Viraussetzungen ze erfëlle,n ass fir eng Associatioun schwiereg, well am lëtzebuergesche Recht dʼZoulässegkeet vu Kloe vun Associatiounen un en onmëttelbaren a perséinlechen Interêt geknëppt ass. Dës Viraussetzung erlaabt et Associatiounen, ze kloen, wa si hir eege finanziell oder moralesch Interête verdeedegen, schléisst awer déi meescht Kloen aus, déi vun hinnen am kollektiven Interêt ugestrieft ginn.
Eng Associatioun kann am kollektiven Interêt nëmmen da kloen, wa se eng Kloberechtegung an eng ministeriell Geneemegung an engem Beräich ewéi Ëmwelt, Konsum, Diskriminéierung, Mënscherechter a.s.w. huet. Dëst spigelt en traditionellt Mësstraue géigeniwwer private Gruppéierungen erëm, déi bei der Verteidegung vum allgemengen Interêt als Konkurrente vum Staat ugesi ginn. Zu Lëtzebuerg ass dʼKlorecht vun Associatiounen also restriktiv a gëtt dofir an der Praxis seelen ausgeüübt.
Dat internationaalt Recht wéi och den Europäesche Geriichtshaff garantéieren den Ëmweltassociatiounen e breeden Zougang zur Justiz. A Frankräich gëtt Rechtsspriechung Associatiounen d’Méiglechkeet, souguer ouni ausdrécklech gesetzlech Berechtegung am Numm vun engem kollektiven Interêt ze kloen. An der Belsch huet eng Reform vum Code judiciaire am Joer 2018 ausdrécklech dʼMéiglechkeet vun enger Verbandsklo agefouert.
De lëtzebuergesche Legislatiounskader a Bezuch op dʼKlorecht vun Associatioune kéint opgrond vu mangelnder Oppenheet a Previsibilitéit als onvereenbar mat der Europäescher Mënscherechtskonventioun ugesi ginn, déi dʼRecht op en Zougang zur Justiz garantéiert. Duerch dʼOngläichheeten tëschent agreéierten an net agreéierten Associatioune besteet zudeem de Risiko vun der Verfassungswiddregkeet, besonnesch am Hibléck op de Prinzip vun der Gläichheet virum Gesetz.
Verschidde Moossname kéinten a Betruecht gezu ginn, fir dëse Risiko ze reduzéieren:
· d’Aféierung vun der Kloberechtegung vun Associatiounen, wann dës e kollektiven Interêt vertrieden
· d’Vereinfachung vun de gesetzleche Berechtegungen an d’Gläichbehandlung vun den Associatiounen
· d’Ofschafung vun der Viraussetzung vun enger ministerieller Geneemegung
· an déi ausdrécklech Unerkennung vun der demokratescher Roll vun Associatioune bei der Verdeedegung vu kollektiven Interête viru Geriicht.
Ofschléissend muss ech zouginn, dass ech dës Carte blanche net selwer geschriwwen hunn, mee datt se integral aus Zitater aus dem Rapport vu Januar 2026 vun der Cellule scientifique vun der Chamber zu dësem Thema besteet. D’Recommandatioun un eis Deputéierte kéint net méi däitlech sinn: d’Klorecht fir Associatioune muss reforméiert ginn!