ACLZënter dem 1. Januar 1.500 Vignettë fir an d'Schwäiz verkaf

Lynn Cruchten
Fir d’Fuesvakanz zitt et traditionell vill Lëtzebuerger an d’Bierger, fir Schi ze fueren.
Zënter dem 1. Januar 1.500 Vignettë fir an d'Schwäiz verkaf
Fir d’Fuesvakanz zitt et traditionell vill Lëtzebuerger an d’Bierger, fir Schi ze fueren.

Well duerch d’Corona-Pandemie an eng Rei Lockdown-Bestëmmungen awer vereenzelt Länner wéi Éisträich oder och Italien dëst Joer an d’Waasser falen, huet quasi eleng d’Schwäiz elo am Februar bësse Succès.

Areese kann een hei ouni Problem, allerdéngs muss een um Wee fir mam Auto dohinner, virun allem wann een duerch Frankräich fiert, un eng Rei Saachen denken.

D’Demande fir an d’Schivakanz ass also do, mee d’Froen ronderëm d’Arees-Bestëmmunge fir mam Auto an d’Schwäiz och. Um ACL-Site ginn all 3 Deeg d’Arees- an Transitbestëmmunge fir a verschidde Länner aktualiséiert.

Zënter dem 1. Januar goufe beim Automobilclub méi wéi 15 Honnert Vignettë fir an d’Schwäiz verkaf. Dat sinn zwar 60% manner wéi 2020 an där Period, ma eleng um Donneschdeg ware bis 15 Auer nees 160 Vignetten erausgaangen.

Wat d’Situatioun sur place ubelaangt, ass et sou, dass bis den 28. Februar mol nach Geschäfter a Restauranten an der Schwäiz zou sinn.

Op de Schipisten wiere lo an der Niewesaison quasi just Schwäizer gewiescht, sou de Max Flammang. Wat d’Reegelen hei ubelaangt, wier et vu Gebitt zu Gebitt ënnerschiddlech, wat zum Beispill Gondel-Reservatiounen ubelaangt.

Back to Top
CIM LOGO