
Dësen Tiers-Payant social muss awer vun engem Office Social accordéiert gi sinn.
Tëscht 2019 an zejoert blouf Zuel vun de Patienten, déi op dës Mesure zeréckgegraff hunn, stabel, iwwerdeems et tëscht 2018 an 2019 eng Hausse vu bal 12% gouf.
Och wann een den Accord vu sengem Office Social kritt, fir op dës Method vum Iwwerhuele vun Doktesch-Käschte kënnen zeréck ze gräifen, mécht dat net jiddwereen. Potentiell kruten nämlech zejoert eng 3.400 Stéit mat ronn 8.100 Leit Recht op dës Prestatioun, mä eng 3.000 Persounen hunn net dovunner profitéiert.
Och wann elo den neie System vum "generaliséierten Tiers-Payant" agefouert gëtt, wäerten déi verschidde Prise en chargen net changéieren, mä wuel awer d'Prozeduren - entspriechend Diskussioune mat der CNS wieren den Ament amgaangen, sou d'Ministere Lenert, Cahen a Schneider an hirer Äntwert op eng parlamentaresch Fro vum LSAP-Deputéierten-Dammen-Duo Hemmen an Asselborn-Bintz.