Äntwert op parlamentaresch FroZejoert ass duerch Wëld e Schued op Felder an Héicht vu bal 570.000 € entstanen

RTL Lëtzebuerg
Dat ass op d'mannst d'Zomm, déi d'Juegdpiechter als Entschiedegunge kruten, well si de Proprietäre vun de Stécker dës Zomm virgestreckt hunn.

Op den Hektar Land gerechent, gëtt dëst eng Entschiedegung vum Wëldschued an Héicht vu ronn 2 Euro.

2019 louch dee Montant bei Remboursementer bei Wëldschued souguer bei ronn 780.000 Euro.

Dee meeschte Schued ass duerch Wëllschwäin am Gréngland gemaach ginn. Een Drëttel vum Schued gouf op Mais-Felder hannerlooss.

Dës Zuele liwwert d'Ëmweltministesch Dieschbourg op eng parlamentaresch Fro vum ADR-Nord-Deputéierte Jeff Engelen.

D'Ministesch bedauert et iwwerdeem, datt eenzel Juegdpiechter keng Demande op Remboursement bei engem Wëldschued stellen. Dowéinst géifen och keng korrekt Donnéeë fir e geneeë Wëldmanagement virleien.

Back to Top
CIM LOGO