
De Mann op der Foto huet mat Hëllef vun enger Waff, déi e gewisen huet, Bijouen agestach an ass dono zu Fouss geflücht.

Ob et sech hei wierklech ëm eng richteg Waff handelt a wéi e Modell et ass, gëtt den Ament ermëttelt.

All méiglech Informatiounen, déi bei der Opklärung vum Iwwerfall hëllefe kéinten, also souwuel Indicen iwwert de Mann, wéi iwwert den Oflaf vun der Dot, solle bei der Police um 113 gemellt ginn.