
Nieft zwee Motorradsaccidenter e Freideg ëm kuerz no 11 Auer tëscht Neihaischen a Mënsbech an ëm kuerz no 13 Auer an der Rue de Luxembourg zu Haassel, an deene jeeweils eng Persoun blesséiert gouf, gouf en Donneschdeg den Owend géint 21 Auer um Circuit de la Foire um Kierchbierg och eng Persoun vun engem Gefier ugestouss. An den zwee leschte Fäll gouf de Samu op d'Plaz geruff.
Zwee Blesséierter gouf et dann e Freideg de Moie géint 8 Auer an engem Accident um CR226 tëscht Conter a Siren, wou zwee Autoen net laanschtenee komm waren. Ambulanze vu Réimech a vum Findel waren hei am Asaz.
Weider Blesséierter an Accidenter tëscht zwee Autoe gouf et e Freideg de Moien op der Route de Mondorf zu Elleng an an der Rue de Mersch an der Fiels. Hei gouf jeeweils eng Persoun blesséiert. Ee weidere Blesséierte gouf et géint 8 Auer um CR105 tëscht Habscht a Käerch, wou dem CGDIS no een Auto an de Gruef geroden ass. Nieft dem Samu an enger Ambulanz vu Réiden op der Atert war hei och nach de Groupe de sauvetage aquatique am Asaz.
Zwee weider Blesséierter gouf et e Freideg am Nomëtteg, eng Kéier um 14:20 Auer op der N8 tëscht Bruch a Recken an eng Kéier géint 15:45 Auer zu Hesper an der Ceinture Um Schlass. A béide Fäll waren zwee Autoen net laanschtenee komm an et gouf jeeweils eng Persoun verletzt.
An dräi weideren Accidenter an der Nuecht op e Freideg — op der Helfenter Bréck, op der A4 a Richtung Esch an um CR118 tëscht Scheedgen a Lauterbuer — gouf zum Gléck kee blesséiert.