
Beim Auto soll et sech ëm e gréngen Audi A6 mat Lëtzebuerger Placken handelen. Ënnert anerem huet de Chauffeur wärend der Course-Poursuite ëmmer nees géint de Code de la Route verstouss an op geféierleche Plazen Autoen iwwerholl. No enger längerer Poursuite konnt de Won, allerdéngs ouni Chauffeur, zu Beefort op engem Parking erëmfonnt ginn.
Persounen, déi eppes vum Virfall matkritt hunn, solle sech als Zeie bei der Police vun Iechternach um 244 72 1000 oder per E-Mail: police.echternach@police.etat.lu mellen.