Dikrecher GeriichtZeienaussoen um 2. Dag vum Prozess vun de Srel-Autoen

RTL Lëtzebuerg
Um 2. Dag vum "Prozess vun de Srel-Autoen" um Dikrecher Geriicht hunn zwee Zeie ganz ënnerschiddlech Aussoe gemaach zum Verkaf vun engem Gefier.

D'Versioune si souguer souwäit auseneegaangen, dass de Vertrieder vum Parquet zu engem gewëssene Moment sot, eng Zeie sollt hir Ausso ënnerschreiwen.

Geriicht/Reportage Eric Ewald

De President huet der haiteger Fra vum 59 Joer ale Beschëllegten doropshin erkläert, dass dat den 1. Schrëtt wär a Richtung vun engem Prozess wéinst Falschausso. Konkret goung et ëm de Verkaf vun engem BMW am Joer 2009, fir deen en europäesche Beamte 26.500 € bezuelt hat. Hie wär de Won an d'Saarland kucke gaangen, woubäi sech erausgestallt hat, dass den Auto Lëtzebuerger Placken hat. Et koum zu engem Accord, et gouf e Kontrakt ënnerschriwwen an e Rendez-vous an der Stad ausgemaach, fir d'Gefier ze bezuelen.

De Mann sot, hien hätt den eigentleche Verkeefer op senger Bank gesinn; ee Moment hätt dee Mann dunn den Ugeklote bäigeruff. Deen hätt dunn eng Kontosnummer uginn, an dem Beamte seng Bank hätt d'Suen iwwerwisen. Dono wär ee bei de Won an de Parking Monterey gaangen.

Dogéint huet d'haiteg Fra vum Beschëllegte gemengt, et hätt ee sech am Parking Aldringen gesinn an et wär ee vun do aus an d'Agence vum Beamte gaangen. Dee wär mam Ugekloten eran- an den eigentleche Verkeefer nogaangen; no der Transaktioun wär een den Auto an den Aldringen siche gaangen.

„Et gëtt awer d'Ausso vun Ärem Mann, bei der Police, dass d'Versioun vum Beamten, wat de Bank-Rendez-vous ugeet, gestëmmt huet! Ënnerschreift Dir Är Ausso?“, wollt de Vertrieder vum Parquet doropshi wëssen: „Ech hunn hei d'Wourecht gesot!“, huet d'Fra geäntwert. Wouropshin de Beamten nach sot, hie kéint sech net drun erënneren, dass d'Fra am Februar virun 11 Joer beim Rendez-vous dobäi war. Nodeems se hir Aussoen nach emol virgelies kruten, hunn déi zwee dës ënnerschriwwen, mat alle Konsequenzen, déi dat kann hunn.

Um Ufank vun der Sëtzung hat den Ex-Preposé vum Dikrecher Enregistrement zu engem Bréif aus dem Joer 2009 gesot, et wär ausgeschloss, dass dee mat der Entête vun der Stater Direktioun gemaach gouf; d'Ënnerschrëft hätt och keng Ähnlechkeet mat senger gehat. Hie wär fir d'éischt der Meenung gewiescht, dass d'Ënnerschrëft vun der Ex-Fra vum Beschëllegten, déi bei him geschafft huet, eng gewëss Ähnlechkeet domat hätt; dono hätt hien dat awer net méi geduecht.

Dëse Prozess geet um Freideg virun.

Back to Top
CIM LOGO