Méi Fräiheete bei Visitte méiglech?Zanter dem 30. Abrëll gouf et keng nei Corona-Fäll méi an Alters- a Fleegeheemer

Tim Morizet
Et si berouegend Noriichten, déi e Mëttwoch aus der Familljekommissioun koumen. Deemnächst kéint et doduerch zu méi Fräiheete bei Visitte kommen.
© AFP (Archiv)

Situatioun an Alters- a Fleegeheemer / Reportage Tim Morizet

Engem leschte Bilan no goufen et zanter dem 30. Abrëll keng nei Fäll méi vum Coronavirus an de Strukture fir eeler Leit. D'Diskussioun, fir d'Strukture fir d'Familljen nach méi opzemaachen, leeft op Héichtouren. De Kommissiounspresident Max Hahn: „Ech géing mengen, datt elo d'Haaptenergie dora gestach wäert ginn, fir d'Strukturen esou breet ewéi méiglech nees opzemaachen. Well nieft der méiglecher Kränkt an der Gefor mam Virus infizéiert ze ginn, ass, ewéi dacks gesot, d'Psyche vun de Bewunner, déi enorm ënnert der Situatioun leit. A well d'Zuelen esou gutt sinn, kann ee kucken, fir hei méi generéis ze ginn.“

Et wier net genee definéiert, wéi d'Strukture sech hei sollen uleeën. D'Decisioun läit an den Hänn vun de jeeweilegen Haiser, déi emol méi, emol manner gutt Gegebenheete fir méi reegelméisseg Besuchszäiten hunn.

Den DP-Deputéierten: „Et gëtt elo zesummen, och mam Daachverband, mat der COPAS, gekuckt, fir et an dësem Dossier nach méi agreabel ze maache fir d'Bewunner an hiert Ëmfeld.“

An 23 Haiser gouf an de leschte Woche bis ewell systematesch getest. Hei waren et bis virum 30. Abrëll 10 Clienten an 9 Persoune vum Personal, déi positiv getest goufen.

Eng aner Problematik, déi ugeschwat gouf, sinn d'Zëmmere vu verstuerwene Residenten, déi a ville Fäll bis ewell eidel stinn.

De Marc Spautz, CSV-Deputéierten: „Déi Zëmmer, déi fräi ginn, sollen och nees beluecht ginn. Dat war am Fong ni verbueden, ma d'Haiser hunn och hei hir eege Reglementer, wéi een dat ka maachen. Déi musse jo dann och eidel gemaach ginn. A wann do Demanden do sinn, datt d'Ministesch zesumme mat der COPAS och kuckt, wéi een dat an den nächste Wochen an Deeg kann ugoen, fir datt och déi Better nees kënne beluecht ginn. Fir déi Leit, déi den Ament am Spidol sinn an duerno och eng Struktur brauchen, eng Plaz ze fannen.“

Et wéilt ee verhënneren, datt d'Strukturen an d'Laberente kommen.

De Charles Margue, Deputéierte vun déi gréng: „Dat aus finanziellen Ursaachen, fir déi se am Fong selwer net kënnen an datt dat sech an hire Bilanen duerno weist. Dat ass ee vun de Chantieren un deem deemnächst geschafft gëtt.“

An enger nächster Etapp wier et och wichteg, d'Strukture fir Leit mat engem Handicap nees lues awer sech opzemaachen. Esou nach de Constat um Mëttwoch.

Back to Top
CIM LOGO