Wanterlech FuerkonditiounenDuerch de Schnéi koum et zu enge sëllegen Accidenter um Freideg

Andy Brücker
Meteolux hat um Freideg de Moien eng Alerte erausginn.

Et ass Wanter an et schneit. Dat ass jo am Fong dat normaalst vun der Welt. Wéi een de Moie scho gesinn huet, ass et kee Feeler, d’Leit nach emol drop opmierksam ze maachen, dass d’Stroosseverhältnisser riskéieren, méi schwiereg ze ginn. E Freideg de Moie war et virun allem d’Keelt, déi dofir gesuergt huet, dass et plazeweis glat war. Et koum deementspriechend och zu e puer Accidenter.

Hei ass d’Beispill vun engem Bus, deen an enger Kéier tëscht Haler a Beefort riichtaus gaangen ass.

© Domingos Oliveira

Zanter 10 Auer war et och eng Warnung vu Meteolux, wéinst dem Schnéi deen erofkënnt. D’Warnung goung bis 17 Auer an et waren 1 bis 3 Zentimeter Schnéi gemellt, haaptsächlech op den Éisleker Koppen.

Eng Partie Gefierer sinn dann an der Mëttesstonn och hänke bliwwen, esou zum Beispill am Heischtergronn, zu Ënsber oder op der N7. Et koum och zu enger Partie Accidenter, sou zum Beispill tëscht dem Fridhaff an der Fléiber.

Hei e bësse méi spéit zu Féiz bei der Opfaart op déi Escher Autobunn Richtung Stad.

© PW

© Meteolux

Et heescht deemno opzepassen, wann Dir mam Auto ënnerwee sidd, a wann Dir souguer nach d’Summerpneue sollt drop hunn, loosst den Auto am beschte stoen.

Esou geet et dëse Weekend wiedertechnesch weider:

Back to Top
CIM LOGO