"Cybermobbing, sexuell Iwwergrëff via sozial Netzwierker, Banaliséierung vu Gewalt duerch Computerspiller- all dat hëlt zou", sou d'Gabriella Rapp.
Si huet lo kierzlech ee Buch erausgi mam Titel: "Bitte tu was", wou se hir Erfarunge beschreift, déi si an Dausende vu Gespréicher mat Kanner a Jugendleche gemaach huet, mat deels erschreckende Beispiller a wéi wäit scho ganz jonk Kanner vill ze vill a schiedlech digital consomméieren.
Hiren Appell un d’Elteren: D’Zäit, déi Kanner a Jugendlecher mat Smartphone a Computer verbréngen, sou wäit wéi méiglech aschränken.

Am Kader vum Safer Internet Day hunn d’Kolleegen vun der Télé een Interview mat der Gabriella Rapp opgeholl, Detailer den Owend am Journal op der Télé.