Zeréckhalend aussepolitesch Aussoen
D‘geopolitesch Situatioun ass op ville Plazen an der Welt ganz ugespaant. Vill Airlines, dorënner d‘Luxair, hu Vollen an den Noen Oste wéinst den Tensioune mam Iran reportéiert. De Lëtzebuerger Ausseminister Xavier Bettel huet gesot, hie kéint aktuell net soen, wat genee sech do undeit. Hie wéisst, ewéi jiddereen, deen d‘Noriichte kuckt, dass d‘USA hir Presenz do an der Regioun massiv verstäerke géingen. Eng Attack vun den Amerikaner hätt sécher Repercussiounen, esou den DP-Politiker. Den Ausseminister huet de reliéis-autoritäre Regimm am Iran ferm kritiséiert. D‘Revolutiounsgarden am Iran sollen op d’Lëscht vun den Terrororganisatioune kommen, wann et him no sollt goen.
D‘Ukrain dierft een op kee Fall am Stach loossen, do war den Ausseminister dann däitlech. Hie géif gesinn, dass d‘ukrainesch Säit de Fridde wéilt a Concessioune géif maachen. Déi russesch net. De Xavier Bettel huet bedauert, dass bei den Negociatioune fir e méiglecht Enn am Ukrainkrich zu Abu Dhabi keen EU-Vertrieder dobäi ass. Senger Meenung no hätt d‘Chefdiplomatin Kaja Kallas missen dorun deelhuelen kënnen. Mä d‘EU war net invitéiert.
Blockéiert EU
Gläichzäiteg huet de Xavier Bettel och bedauert, dass d‘Europäesch Unioun sech dacks selwer am Wee stoe géing. “Fir Reformen an der EU ze maachen, brauch et den Accord vun deenen, déi keng Reformen wëllen”, esou den Ausseminister. Dat mécht d‘Saach schwéier. Den ungaresche Premier Orban géif zanter Jore vill Iddien a Virstéiss blockéieren. D‘EU wär lues an e “poids plume”, esou den Ausseminister. Dacks géif net mat enger Stëmm geschwat ginn. Domat géif een d‘EU schlecht verkafen. Allerdéngs wär d‘Unioun just staark, wann all Member un engem Strang zitt. Zu 27 kéint een dann och souguer dem Donald Trump Androck maachen.
D‘Europäer sollen net esou virum US-President kuschen, fënnt de Xavier Bettel. Allerdéngs huet och hie scho bei offiziellen Evenementer de Kontakt mam Donald Trump gesicht. Senger Meenung no gëtt et en Ënnerscheed tëschent Kuschen a manéierlech sinn. Hie géif och manéierlech bleiwen, wann hien d‘Konfrontatioun géif sichen. Esou hätt hie rezent der US-amerikanescher Ambassadrice Feinberg gesot, dass ganz vill Porzeläin futti gemaach gi wär. Si hätt him gesot, dass de President ebe kee Politiker, mee e Geschäftsmann wär. Dem Xavier Bettel no muss awer all Säit eppes vun engem Deal kënnen hunn.
Commerce extérieur wichteg fir Lëtzebuerg
Apropos Deal: de Xavier Bettel ass fir de Mercosur-Accord. Hie mengt awer net, dass d‘EU-Kommissioun elo provisoresch scho Mesuren an déi Richtung hëlt, och wa si dat trotz juristeschen Zweiwele vum EU-Parlament maache kéint. Den Dossier wär wuel ze brisant. Dem liberale Politiker sinn d‘Zweiwelen um Handelsaccord mat de südamerikanesche Staaten net legitim. Kontrollen a sanitär Critèrë wäerten héich sinn an den europäesche Standarden entspriechen, betount de Xavier Bettel.
Keng Annoncen am Dossier Google-Datenzenter zu Biissen: De Xavier Bettel mengt, et wär einfach nach ze fréi dofir. Hien hofft awer, dass 2026 d‘Joer vun de konkreten Annoncë gëtt. D‘Gespréicher mat der Direktioun vu Google géife weider lafen. Iwwerhaapt ass de Xavier Bettel als Minister fir den Handel no baussen der Meenung, dass Lëtzebuerg seng Dieren net däerf fir international Entreprisen zoumaachen. Och net fir där aus dem Beräich Sécherheet.
De Xavier Bettel wëllt net gesinn, dass där Betriber duerno zu Arel oder Diddenuewe situéiert sinn. D’Regierung wär duerch hien a Kontakt mat engem groussem europäesche Produzent. Den Interêt géif bestoen, fir zu Lëtzebuerg Equipement ze produzéieren, dat och d’Lëtzebuerger Arméi kéint benotzen, ma dat een awer och verkafe kann.
Lëtzebuerg wär nach ëmmer en interessante Standuert fir international Entreprisen. Dovun ass de Xavier Bettel iwwerzeegt. Dacks géifen déi uganks iwwert den Index-System kloen, ma si kéime séier zu der Erkenntnis, dass deen och e Garant fir de soziale Fridden ass.
Intoleranz géintiwwer Intoleranz
De Sozialfridden wär him immens wichteg, huet de Vizepremier Bettel betount. Jo, d‘Syndikater hätten zejoert bewise gehat, dass si mobiliséiere kënnen, esou de Xavier Bettel, ma haut wär hien optimistesch, dass nees friddlech a produktiv tëscht de Sozialpartner kann diskutéiert ginn. An deem Kontext huet hien d‘Hand iwwer den CSV-Politiker Georges Mischo gehalen. De fréiere Minister, deen Enn d‘lescht Joer aus der Regierung demissionéiert hat, wär keen, deen der dréit, esou de Xavier Bettel. Hie wär e korrekte Mënsch. Et wär net dem Georges Mischo seng Schold eleng, dass am Dialog mat de Gewerkschaften an dem Patronat mat him an der Mëtt, d’Chemie net gestëmmt huet. De Xavier Bettel sot awer och, dass mam neien Aarbechtsminister Marc Spautz d’Chemie wuel nees gutt wär.
De Xavier Bettel hofft, dass am Sozialdialog net een deem aner säin Däiwel ass. Fir kompetitiv ze sinn, wär et keng Noutwennegkeet, dass et de Salariéë schlecht geet. Ëmgedréint geet et den Aarbechter net gutt, wann de Patron struewelt, esou de Vizepremier sënngeméiss. Als Politiker géing et him drëms goen, Ongerechtegkeeten ze bekämpfen. Hie wär Intoleranze géintiwwer net tolerant.
Méi dicht an héich bauen
Ongerechtegkeete ginn et der um Wunnengsmaart eng Jett. Dat weess och de fréieren Premierminister a Stater Buergermeeschter Xavier Bettel. Hien huet sech an der Emissioun Background gefrot, ob een an Zukunft an urbane Géigenden net och méi dicht an héich baue kéint, fir dem Logementsproblem entgéintzewierken. Hien huet sech och fir eng Taxe op Wunnengen ausgeschwat, déi méi laang eidel stinn. Déi Steier kéint sech vun him aus och Joer fir Joer verduebelen, fir dass et dann och richteg wéi deet fir e Proprietär, dee seng Wunneng einfach net an d‘Locatioun gëtt.
Et misst méi gebaut ginn, seet de Vizepremier Bettel, ma d‘Terrainen zu Lëtzebuerg géifen ebe fir villes gebraucht ginn. Nieft Logement och fir Landwirtschaft, Industrie a Commerce. Do schwätzt och de Minister fir Commerce extérieur aus dem Xavier Bettel.
Mam Vizepremier an Ausseminister Xavier Bettel
“Background am Gespréich” leeft ëmmer samschdes an der Mëttesstonn (vun 12 bis 13 Auer) op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream um Internet respektiv an der App (Audio a Video). Dono ass d’Emissioun op RTL.LU an um RTL Play zu all Ament nach eemol ze lauschteren oder ze kucken - an der Rubrik “Radio” bei Emissiounen “Background” wielen.