
Am 3. Trimester dëst Joer sinn d'Präisser fir schonn existent Appartementer an Haiser relativ stabel bliwwen, mat enger liichter Hausse no uewen.
Déi nei Appartementer par Konter si méi bëlleg ginn, ëm ëmmerhin iwwer 10% op ee Joer gekuckt.
De Locatiounsmarché ass awer weider an der Hausse, och wann et vun Trimester op Trimester mol Changementer gëtt.
An alle Regioune sinn d'Loyere bannent engem Joer an d'Luucht gaangen. Am Süden zum Beispill am meeschte mat engem Plus vun 11,6%, am Zentrum nach am mannste mat engem Plus vun 3,5%. Dat alles geet aus den neisten Zuele vun atHome.lu ervir a bezitt sech op déi affichéiert Präisser an den Annoncen.