Memorandum of UnderstandingWirtschaftsministère huet 1 Mount Zäit ze reagéieren

Maxime Gillen
De Wirtschaftsministère ass den Ament um Préiwen, op de Memorandum of Understanding mat Google iwwert den Datazenter zu Biissen public gemaach gëtt.

De Mouvement écologique hat jo beim Wirtschaftsministère an der Gemeng Biissen gefrot, fir dëst Dokument kënnen ze gesinn, wat allerdéngs op béide Plaze refuséiert gouf. Viru Kuerzem ass  déi sougenannten Commission d'accès aux documents aus dem Staatsministère awer zur Konklusioun komm, datt d'Dokument net confidentiel ass an deemno publizéiert kéint ginn.

Mouveco krut Recht: "Memorandum of Understanding" ass net confidentielDe Wirtschaftsministère huet elo ee Mount Zäit fir ze reagéieren. Bleift et beim Refus, kann de Mouvement virum Verwaltungsgeriicht a Recours goen. Sollt d'Affär alleguer d'Instanzen duerchlafen, kéint iwwert dee Wee e Präzedenzfall geschaaft ginn. Bis ewell ass et nämlech nach net zu esou enger Situatioun komm, zanter dass dat entspriechend Gesetz 2018 a Kraaft getrueden ass.

Back to Top
CIM LOGO