
De Serge Pommerell gëtt domat dee Posten no iwwer 20 Joer of, bleift de Jugendherbergen awer och déi nächst Zäit nach erhalen, dat virun allem am Projektmanagement an an der Strukturentwécklung.
De Peter Hengel huet vill Erfarung am Domaine vun der Hotellerie. Am Joer 2014 huet hien d'Gérance vun der Jugendherberge an der Stad iwwerholl. Elo vum 1. September u gëtt hien dann den neien Direkter vun all de Lëtzebuerger Jugendherbergen.