Wéinst AutodéifställWien huet Informatiounen iwwert den Davit Kuzmyn?

RTL Lëtzebuerg
De Mann steet op der Europol-Lëscht vun de meescht gesichte Persounen an Europa. Hien ass zu Lëtzebuerg fir eng Serie un Déifställ responsabel.
© Europol

An deem Kontext freet elo och d'Police no Zeien, déi Informatiounen zu dësem Mann hunn. Enn 2019 war den Davit Kuzmyn un enger Serie un Auto-Déifställ am Land bedeelegt.

Wéi et säitens Europol heescht, ass hien e Member vun enger grousser krimineller Organisatioun. Ee vun de Mattäter gouf gefaasst a sëtzt zu Lëtzebuerg am Prisong. Verschidden anerer sinn nach op fräiem Fouss.

All Informatioune si fir d'Police judiciaire ënnert dem 244605599.

Méi Informatioune ginn et um Site vun Europol!

Back to Top
CIM LOGO