
D'Cour administrative hat jo festgehalen, dass am Fall vum Konzessiounsvertrag mat RTL Group, dem Deputéierte vun de Piraten Sven Clement seng Demande, fir dësen dierfen ze gesinn, gerechtfäerdegt wier.
Deemno huet den CSV-Deputéierte Laurent Mosar an der Chamber d'Demande vu senger Partei nach eng Kéier widderholl, fir kënnen eng Lëscht mat alle provisoreschen Accorden, sougenannten MoUen, wou de Staat sech engagéiert, ze kréien an dann och all Accord kënnen an där respektiver Chamberkommissioun kënnen ze consultéieren, wann dës dat freet.
Ausserdeem huet den Deputéierte gefuerdert, dass d'Chamber all d'Impfkontrakter, déi gemaach goufen, ka gesinn. An eng drëtt Fuerderung un de Minister war, all Konventiounen a Compromisen, déi am Dossier Fage gemaach goufen, ze kréien.
De Xavier Bettel huet fir säin Deel erkläert, dass d'Regierung d'Urteel akzeptéiert an och ëmsetzt, ma huet allerdéngs och betount, dass sech d'Chamber fir d'éischt selwer konkret Reegele misst ginn, wéi all Aspekter a Konditioune vun deem Urteel kënnen ëmgesat ginn, ier hien dëse Fuerderunge kéint nokommen.
Eng Chamber-intern Reunioun, fir dës Reegelen auszeschaffen, ass iwwerdeems fir e Freideg ugesat.