
De Petitionär vun der ëffentlecher Petitioun, déi e Referendum iwwert d'Verfassungsreform freet, de Gérard Koneczny, ass och ee vun den aacht Leit, déi via e sougenannte "Comité d'initiative" eng Ënnerschrëftesammlung fir e Referendum lancéiert hunn.
25.000 Wieler mussen duerfir tëscht dem 19. November an dem 20. Dezember op d'Gemeng ënnerschreiwe goen. Wéi d'Gesetz et virschreift, gëtt de Staatsministère de Freideg an der geschriwwener Press Prezisiounen zu de geplangten Ännerunge vun der Verfassung an dem Oflaf vun der Ënnerschrëftesammlung a gëtt och d'Nimm bekannt vun den aacht Persounen, déi de 26. Oktober hir Demande beim Premier gestallt hunn, fir e Referendum z'organiséieren.
D'Hallschent dovunner ass vu Chrëschtnech an deels matenee Famill. Ënnert hinnen ass zum Beispill eng Koppel, déi en Elektrikerbetrib hunn. Dem Lëtzebuerger Land no handelt et sech bei de Membere vum Comité net nëmmen ëm Adepte vun engem Verfassungsreferendum a Sympathisante vum Adr, mee och ëm Impfgéigner a Verschwörungstheoretiker.
Dat weist och e séiere Bléck op den Initiateuren hir Bäiträg am Internet an an de soziale Medien. Ee jonke Mann vun Esch zum Beispill, deen net nëmme fir e Referendum iwwert d‘Verfassungsreform antrëtt, mee och bei der sougenannter "marche blanche silencieuse" aktiv ass. Oder zwou Mammen, déi wéinst der Aféierung vun der méi strenger Maskeflicht an der Schoul Uganks der Joers decidéiert hunn, hir Kanner doheem z‘enseignéieren. Initiéiert gouf d‘Demande fir e Referendum donieft och vun engem Alphilolog aus der Stad.
Déi ëffentlech Petitioun, déi nach bis e Méindeg um Site vun der Chamber leeft, ass Stand Freidegmoie vu 17.402 Leit ënnerschriwwe ginn. D'CSV huet annoncéiert, mat de Wee ze goen, fir zu 16 Deputéiert e Referendum ze froen, wann déi Petitioun op d'mannst 25.000 Leit ënnerschriwwe gëtt.