Déi Blo si sech net all ganz gréngD'DP sicht no engem neie Chambervizepresident

Marc Hoscheid
Den 18. Dezember war dem Fernand Etgen säi leschten Dag als Deputéierten. Datt de Marc Hansen fir hien an d'Chamber noréckele wäert, ass scho länger gewosst. Nach net kloer ass par contre, wien amplaz vum Fernand Etgen 1. Vizepresident vun der Chamber wäert ginn.
© Flickr chambrelux

Dat soll d’DP-Fraktioun de 6. Januar, also en Dënschdeg, decidéieren. Wien dee Posten am Beschten ausfëlle kéint, do schéngen d’Meenunge bei deene Liberalen auserneenzegoen.

Wie gëtt neie Chambervizepresident? / Reportage: Marc Hoscheid

Schonn zanter Méint war gewosst, datt de Fernand Etgen sech Enn 2025 aus der Politik zeréckzéie géif. Änlech laang war kloer, datt de Marc Hansen fir hien noréckelt. Dowéinst kann et ee schonn iwwerraschen, datt d’DP nach ëmmer net decidéiert huet, wien de Poste vum 1. Chambervizepresident iwwerhuele wäert. De Fraktiounspresident Gilles Baum erkläert dat esou:

“Mir hu bewosst de Choix getraff, déi Plaz net ze besetzen, sou laang wéi de Fernand nach an der Chamber war. Dat heescht, dat leeft jo lo Enn des Jores (den Interview gouf den 30. Dezember 2025 gefouert; Umierkung vun der Redaktioun) aus, da gëtt dee Posten am Bureau nei besat an da gëtt och intern an der Fraktioun en neie Vizepresident bestëmmt. Mir wollte bewosst net virun de Won sprangen, sou laang de Fernand nach do wär.”

Et dierf een awer a Fro stellen, datt et de Fernand Etgen wierklech gestéiert hätt, wa scho viru Wochen oder Méint iwwert seng Successioun ofgestëmmt gi wier. Ëmmerhin huet hie selwer an Interviewen doriwwer geschwat. Am Lëtzebuerger Wort sot hien zum Beispill, hie géing hoffen, datt eng Fra säi Posten iwwerhëlt. Dat gesäit de Gilles Baum awer liicht méi nuancéiert.

“Ech denken net, datt d’Geschlecht eng Roll spillt. Hei spillt fir mech effektiv just eng Roll, wien de Kandidat ass, dee vun der DP-Fraktioun gedroe gëtt. Dat ass dat Eenzegt, dat spillt, ob dat ee Mann oder eng Fra ass, muss ech soen, ass fir mech manner wichteg.”

Mir hu bei deenen 13 DP-Deputéierten an dem Marc Hansen, deen den 20. Januar vereedegt gëtt, nogefrot. Mat der Barbara Agostino, dem Gilles Baum, dem Patrick Goldschmidt, dem Marc Hansen, der Mandy Minella, der Lydie Polfer an dem Gerard Schockmel huet d’Hallschent gesot, datt se de 6. Januar net kandidéiert. De Guy Arendt, d’Simone Beissel, d’Corinne Cahen an d’Carole Hartmann hunn deels ganz kryptesch geäntwert, et awer net ausgeschloss. De Luc Emering an de Gusty Graas hu sech eng Kandidatur ënnert bestëmmten Ëmstänn opgehalen an den André Bauler huet net geäntwert.

Hannert de Kulissen ass ze héieren, datt wuel virop den André Bauler an d’Corinne Cahen um Poste vum Vizepresident interesséiert solle sinn. Ma fir Béid gëtt et awer Géigewand. Den André Bauler huet zwar de Virdeel, datt e wéi de Fernand Etgen aus dem Bezierk Norde kënnt, mee de progressive Fligel vun der Fraktioun stéiert sech u sengen deels zimmlech konservative Positiounen, zum Beispill beim Thema Recht op Ofdreiwung.

D’Corinne Cahen huet zwar de Virdeel, datt si eng Fra ass, mee als Ministesch ass si och alt emol mat Deeler vun der Fraktioun uneneegeroden, wat déi wuel net vergiess hunn. Dovunner kéint entweder de Guy Arendt oder d’Simone Beissel profitéieren. De Guy Arendt gehéiert zwar och zum méi konservative Fligel vun der Fraktioun, eckt awer intern manner u wéi den André Bauler. Der Simone Beissel hier Optrëtter an der Sendung „Riicht eraus“ mat der Astrid Lulling op Apart TV dierften zwar net ëmmer jidderengem gefalen, mee si hätt awer wuel déi net ganz onwichteg Ënnerstëtzung vun der Stater Fraktioun ronderëm d’Lydie Polfer.

An och wa weder de Guy Arendt mat sengen 71, nach d’Simone Beissel mat hiren 72 Joer, wierklech fir eng Erneierung steet, si se awer allebéid nach méi jonk wéi de Mars Di Bartolomeo, mat 73 Joer deen aktuell eelsten ënnert de Chambervizepresidenten.

Wéi d’Chamber eis op Nofro hin erkläert huet, kréien d’Vizepresidente keng zousätzlech finanziell Remuneratioun. D’Zuel vun de Vizepresidenten ass op dräi fixéiert an traditionell geet ee vun de Posten un d’Oppositioun, normalerweis un déi stäerkste Fraktioun. Aktuell ass de Claude Wiseler vun der CSV President, de Mars Di Bartolomeo vun der LSAP an de Michel Wolter vun der CSV si Vizepresidenten.

Back to Top
CIM LOGO