Op perséinlecher Basis huet een sech beim Mouvement Ecologique iwwert d'Oplockerunge vun de Corona-Mesurë gefreet. Ma gepackt hätt een akut Phase soubal nach net, heescht et bei de Memberen an der Generalversammlung. Et fäert ee virun allem fatal Konsequenzen an der südlecher Hemisphär.
D'Situatioun wier onerdréiglech, esou d'Blanche Weber, Presidentin beim MouvEco iwwer Videokonferenz. Den héije Konsum an der westleche Kulture géif d'Situatioun wärend dem COVID-19 just weider verschlëmmeren. D'Blanche Weber, Presidentin vum Mouvement Ecologique: "An déi Leit stinn elo virum Näischt, ouni sozial Réckversécherung, zum Deel droen Hongersnéit! Vun der Problematik vum Gesondheetssystem, der quasi Onméiglechkeet vum “social distancing” an där do Nout guer net ze schwätzen. Enger Analyse vun der UN kéinten am Laf vum nächsten hallwe Joer 1,2 Millioune Kanner wéinst den direkten oder indirekte Repercussioune vu Covid stierwen."
Fir déi schlecht Aarbechtskonditiounen ze verbesseren, misst ee sech op Europäeschem Niveau fir entsprieche Reformen asetzen, och vu Lëtzebuerger Säit. En europäesche „Green-Deal“ misst och déi ekologesch a sozial Bedéngunge vun importéierte Gidder consideréieren.
Kritik gouf et och un der grénger Relance aus der aktueller Kris zu Lëtzebuerg. Dës wier e weidere Schrëtt an enger net ganz koherenter Ëmweltpolitik: "Datt een elo nach méi en héije Subsid fir de Kaf vun engem Vëlo kritt, kann ee jo schéin a gutt fannen. Oder méi finanziell Hëllefe bei der Renovatioun vun Haiser. Mais: dës Subsiden ersetzen net strukturell Reformen! Esou laang eis Energiepräisser lächerlech niddreg sinn, a wéinst Covid nach méi niddreg gi sinn, wäerte mer keen Duerchbroch an der Renovatioun kréien. Virun allem néideg sinn net méi Subside fir de Kaf vum Vëlo, mä eng Gestaltung vun de Stroossen wou een ouni Angscht Vëlo fuere kann!"
Et fuerdert een datt déi konkret Wäerter déi d'Leit sech wärend der Corona-Kris zu Lëtzebuerg ugëeegent hunn, méi bei de politeschen Decisiounen an Zukunft consideréiert ginn. Ënner anerem bei der Steierreform.