Luxair Fluch vu PortoWéinst Stuerm: Fliger konnt 3 Mol net landen an huet missten op Hahn auswäichen

RTL Lëtzebuerg
Weider hat d'Luxair all hir Flich, déi e Méindeg de Moien virun 10 Auer de Findel sollte verloossen, annuléiert.
© Ken Fitzke

Net fir näischt goufen am Laf vum Méindeg de Moien 15 Departe vum Findel aus vu verschiddenen Airlines annuléiert. Wéinst dem Stuerm an de Wandstéiss war de Fluchtrafic seriö affektéiert.

Nawell zolidd duerchgerëselt goufen RTL-Informatiounen no d'Passagéier vum Luxair-Porto-Vol, deen e Sonndeg den Owend géint 22.30 Auer sollt um Findel landen, dunn also, wéi den Orkandéif an d'Wandvitess méi intensiv ginn ass.

3 Mol huet d'Piloten-Team eng Landung probéiert, déi 3 mol ofgebrach gouf, sou datt hu missten Go-Arounds geflu ginn.

No dësen Tentativen, déi all Kéier ofgebrach goufen, war et d'Decisioun, fir d'Luxair 737-Boeing op de Fluchhafen Frankfurt-Hahn ze deviéieren, wou d'Maschinn dunn konnt sécher géint Hallefnuecht landen.

Wéi et vun Aenzeien géintiwwer vun RTL geheescht huet, wiere vill Familljen mat Kanner am Fliger vu Porto gewiescht.

Wéi de Fliger d'Landungen ëmmer nees hat missten ofbriechen, hätte vill Passagéier gejaut a Kreesch gedoen. Eenzelne wier et och schlecht ginn. Et waren also mouvementéiert Zeenen an dësem Fliger.

Eng Prise en charge vun de Luxair-Passagéier war um Fluchhafen Hahn no der Landung assuréiert.

Och aner Fligeren, déi an de Stonne vum Stuerm um Findel probéiert hunn ze landen, haten hir Problemer. Méi dacks hu si misste probéieren, ze landen, respektiv goufe verschiddener ëmgeleet.

Luxair hat Flich um Méindeg de Moien annuléiert

Um Fluchhafen LuxAirport goufen eng sëllege Flich Richtung London, München, Amsterdam, Zürech oder Frankfurt annuléiert.

D'Luxair hat um Méindeg de Moie matgedeelt, dass all hir Flich bis viraussiichtlech 10 Auer annuléiert wieren, ronn eng Dosen Departen. Den éischten nees geplangte Vol war dee vun 10.30 Auer op Wien, dee de Findel och verlooss huet. Dogéint gouf awer de Vol op München um 14.30 Auer gestrach.

D'Luxair hat awer all hire Passagéier recommandéiert, fir sech am Virfeld z'informéieren oder um +352 2456-1 unzeruffen.

D'Kommentarfunktioun ass hei erausgeholl ginn, well den Tounfall an d'Rhetorik an den Diskussiounen net méi eiser Netiquette entspriechen. Merci fir d'Versteestemech.

RTL.lu: Auswierkunge vum Stuerm Ciara/Sabine
RTL.lu: Stuermwarnung: Wat ass zou, ofgesot oder adaptéiert wéinst der Alerte Rouge?
RTL.lu: Inondations.lu: Peegele vun de Flëss a Baache sinn um Klammen, 6'000 Sandsäck prett

Back to Top
CIM LOGO