Luxair-Vol huet mussen Destinatioun ännerenWéinst engem Sandstuerm konnt de Vol LG 933 net wéi geplangt zu Djerba landen

Andy Brücker
Et gouf decidéiert zu Enfidha ze lande fir ze tanken, éier et zeréck op Lëtzebuerg geet.
© AHSAN MOHAMMED AHMED AHMED/Anadolu via AFP

Déi 173 Passagéier vum Vol LG 933 vu Lëtzebuerg op Djerba hunn hir Pläng mussen änneren, nodeems e Sandstuerm dofir gesuergt huet, dass de Fliger net konnt wéi geplangt zu Djerba landen. De Fliger gouf op Enfidha ëmgeleet, wou d’Maschinn nach emol getankt huet. Duerno goung et zeréck op Lëtzebuerg. D’Arrivée um Findel war fir 23.50 Auer geplangt, esou d’Informatioun op lux-airport.lu.

U Bord vum Vol vun Enfidha zeréck op Lëtzebuerg sinn 125 Passagéier plus 3 Kanner. Wéi d’Luxair matdeelt, géif um Sonndeg en zousätzleche Vol geplangt ginn, fir dass all d’Passagéier op hir Destinatioun zu Djerba kommen. Finallement ass de Vol um 00.14 zu Enfidha gestart an um 02.24 zu Lëtzebuerg um Findel gelant. Fir e Sonndeg ass vun der Lëtzebuerger Airline dann een zousätzleche Vol geplangt, fir déi 173 concernéiert Passagéier op Djerba ze fléien.

D’Luxair entschëllegt sech fir d’Ëmstänn, ma d’Sécherheet géif virgoen. Déi normal Ofleef kéinten duerch sou onerwaarte Wiederkonditioune gestéiert ginn. D’Fluchgesellschaft këmmert sech ëm déi betraffe Passagéier an déi néideg Hëllef géif bereetgestallt ginn.

Pressecommuniqué: Fluch LG 933 konnt net zu Djerba landen

Back to Top
CIM LOGO