D'Héichwaasserzentral gëtt EntwarnungD'Vigilance jaune op der Musel ass opgehuewen

RTL Lëtzebuerg
D'Héichwaasserzentral hat e Freideg eng Warnung erausginn, déi ursprénglech bis e Sonndegmoie sollt gëllen. Ma elo gouf et schonn éischter Entwarnung.
Musel
Musel
© RTL-Archiv

Um 16 Auer e Samschdegmëtteg koum de Communiqué, an deem matgedeelt gouf, dass d’"Cote de vigilance jaune” op der Musel offiziell opgehuewen ass. Zu Stadbriedemes läit de Waasserpeegel aktuell bei 5,29 Meter an zu Réimech läit e bei 4,44 Meter. Et gëtt iwwerdeems domat gerechent, dass d’Peegelen am Laf vum Sonndeg weider wäerte falen.

D'Entwarnung vun der Héichwaasserzentral

E Samschdeg de Moien um 8 Auer louchen d’Peegelen zu Stadbriedemes a Réimech nach iwwert den Niveaue vu 5,30 respektiv 4,52 Meter, sou dass deen Ament nach d’"Cote de vigilance jaune” gegollt huet.

Lagebericht03_Luxemburg_14022026_0800.pdf

Fir déi aner Géigenden am Land gëtt et aktuell keng Héichwaasserwarnung.

D’Situatioun vum Freideg

D’Héichwaasserzentral vum Waasserwirtschaftsamt hat e Freideg eng Vigilance jaune declenchéiert, déi ursprénglech bis e Sonndeg de Moie sollt gëllen.

PDF: Héichwaasserwarnung 13.2.26 10h00

Och Däitsch Säit betraff

An der éischter gréisserer däitscher Stad un der Musel ass de Floss plazeweis och schonn aus sengem Bett geklommen. E Freideg de Moie gouf hei e Peegelstand vu 6,70 Meter gemooss, Prognosen no kann et nach bis op 7,12 Meter klammen. Och wann hei net mat Schlëmmerem gerechent gëtt, well een net dovun ausgeet, datt d’Musel hei op iwwer 7,95 Meter klëmmt, ginn et scho verschidden Aschränkungen an der eelster däitscher Stad.

Op anere Plaze laanscht d’Musel huet d’Waasser dogéint schonn en Afloss op dat alldeeglecht Liewen. Esou ass d’Strooss tëscht Traben-Trabach a Reil scho plazeweis iwwerschwemmt, esou datt et hei zu Problemer am Trafic kënnt.

Back to Top
CIM LOGO