
Kritiséiert gëtt vum Mouveco, datt op en Neits keng nohalteg Steierreform annoncéiert gouf, datt net driwwer geschwat gouf, wéi eise Sozialsystem, onofhängeg vum Wuesstemsprinzip, kéint finanzéiert ginn, datt déi annoncéiert CO2-Steier net duer géing goen, fir datt Lëtzebuerg, wéi geplangt, bis 2050 klimaneutral gëtt an datt Aartestierwen a Verloscht vu Biodiversitéit keen Thema an der Ried waren.
An de Mouvement Ecologique fäert no der Deklaratioun, datt bei der Lëtzebuerger Standuertpolitik, Nohaltegkeetscritèrë keng esou eng grouss Roll méi géife spillen.