Assurancen-SecteurWeider Reunioun fir Kollektivvertrag op 15. Januar fixéiert

Roy Grotz
Wéi den OGBL an den LCGB matdeelen, leien - genee wéi et bei de Banken de Fall ass - nees 3 Fuerderungs-Kataloger um Dësch.

Ee vun der Aleba, ee vun der ACA, déi ronn 140 Member-Organisatiounen zielt an ee Katalog, deen LCGB an OGBL zesumme virleeën.

D'Aleba selwer huet um Dënschdeg en eegent Schreiwes verschéckt, wouranner dës Gewerkschaft d'Konkurrenz-Syndikater LCGB an OGBL zu enger Reunioun opfuerdert, fir zesumme kënne Fuerderunge vis-à-vis vum Assurancen-Patronat ze stellen.

Op Demande vun der Gewerkschafts-Front vun OGBL an LCGB huet d'ACA confirméiert, datt se e reellt Verhandlungs-Mandat hätt, fir weider kënnen ze negociéieren.

Doropshin goufen déi verschidde Revendicatiounen ausgetosch an eng weider Reunioun op de 15. Januar fixéiert.

Schreiwes Aleba

Première réunion pour le renouvellement de la Convention Collective de Travail des salariés de secteur des assurances ce 15 décembre

La première réunion pour le renouvellement de la Convention Collective de Travail des salariés du secteur des assurances a eu lieu ce mardi 15 décembre, entre d’une part l’ALEBA et l’Ogbl-Lcgb, et d’autre part l’association patronale ACA.  Les prochaines réunions sont fixées au 15 et au 28 janvier 2021.

L’ALEBA a une nouvelle fois convié l’Ogbl-Lcgb à une discussion en ce qui concerne le renouvellement de cette CCT, dans une approche fédératrice et dans les intérêts des salariés du secteur des assurances.

Schreiwes OGBL an LCGB

PDF Schreiwes OGBL an LCGB

Back to Top
CIM LOGO