E Mëttwoch am Nomëtteg hunn d'Gesondheetsministesch Paulette Lenert, den Direkter vun der Santé Dr. Jean-Claude Schmit an d'Dr. Thérèse Staub vum Conseil Supérieur des Maladies Infectieuses de Point iwwert d'Booster-Impfunge gemaach. Fir verschidde Leit géing d'Wierkung vun der Impfung mat der Zäit méi staark noloossen, esou datt eng Opfrëschung géing néideg ginn, sot d'Gesondheetsministesch.
Ronn 40 Prozent vun de Leit, déi bis elo eng Invitatioun fir eng Booster-Impfung kruten, hunn dës och wouergeholl. Bei der Opfrëschungsimpfung no engem Vaccin mam Stoff vun Johnson&Johnson hätte bis elo just ronn 30 Prozent de Wee zeréck bei en Dokter fonnt.
All Leit iwwer 65 Joer sollen elo eng Invitatioun fir eng Booster-Impfung kréien, genau esou wéi Leit, déi am Gesondheetssecteur schaffen. Dobäi handelt et sech awer ëm eng éischt Phas, wéi d'Paulette Lenert betount huet. An der kommender Woch géing sech d'Regierung nach emol méi allgemeng mam Thema Booster-Impfung befaassen. Weider Decisioune kéint ee sech dann Enn vun der nächster Woch erwaarden, esou d'Gesondheetsministesch.
D'Paulette Lenert huet dann och kuerz de Point iwwert d'Entwécklung vum Virus an der vergaangener Woch gemaach. Zu Lëtzebuerg géingen d'Zuelen net esou séier klamme wéi an anere Länner. Dat, well Lëtzebuerg net esou vill gelackert hätt. An awer wieren d'Infektiounszuelen an der leschter Woch ëm 8 Prozent geklommen, et goufen 1.211 Neiinfektiounen a fënnef weider Doudeger.
D'Corona-Inzidenz wier bei deenen Net-Geimpfte ronn duebel esou héich wéi bei deene Geimpften. Ronn dräi Véierel vun de Leit op der Normalstatioun an de Klinicke wier net geimpft gewiescht. Op den Intensivstatioune wieren et esouguer 10 vun 13 gewiescht.