Kritik no Ried zur Lag vun der NatiounWéi wäit si mer nach vu bezuelbarem Wunnraum ewech?

Fanny Kinsch
11% méi Budget fir de Logementsministère, respektiv ronn 260 Milliounen Euro am Ganzen, dat wier net enorm, esou eng Partie Stëmmen.
Wéi wäit si mer nach vu bezuelbarem Wunnraum ewech?
11% méi Budget fir de Logementsministère, respektiv ronn 260 Milliounen Euro am Ganzen, dat wier net enorm, esou eng Partie Stëmmen.

11% méi Budget fir de Logementsministère, eng Reform vun de spezialiséierten Investmentfongen, de sougenannte FISen, an eng Reform vum Amortissement accéléré - d’Annonce vum Premier Xavier Bettel a Saachen Immobiliëmaart a Logement a senger Ried zur Lag vun der Natioun wäerte wéineg dozou bäidroen, dass bezuelbare Wunnraum mobiliséiert gëtt. Där Meenung ass op alle Fall déi neigegrënnte Mieterschutz-Vereenegung, ma och d’Chambre Immobilière.

D’Promoteuren hätten Iddie, fir mat wéineg Steiersue vill ze maachen, déi d’Politik bis ewell awer ni interesséiert hätten, zum Beispill ee Stack méi héich bauen, mam Krittär, dass déi zousätzlech Wunnengen abordabel musse sinn...

De Jean-Paul Scheuren, President vun der Chambre Immobilière: „Mir kënnen densifiéieren an trotzdeem gutt urban bleiwen. Dat gëtt ëmmer falsch verstanen, jidderee gesäit dann e Manhattan hei zu Lëtzebuerg, dat ass net dat wat gemengt ass, mä wa mir mol heiansdo einfach een oder 2 Stäck kënnen an iergendenger Strooss drop setzen, dat géif un der Liewensqualitéit vun de Leit, déi do wunnen, guer näischt änneren, esou laang mer eis och da këmmeren, dass mer ëffentlech Raim schafen, déi och zur Qualitéit vum Wunne bäidroen."

11% méi Budget fir de Logementsministère, respektiv ronn 260 Milliounen Euro am Ganzen, dat wier net enorm, dat géif ongeféier dem Präis vu 450 Wunnengen entspriechen.

Fir d’Aldina Ganeto vu "Mieterschutz Lëtzebuerg" eng Drëps op de waarme Steen:"Wann ee vergläicht, wat een dann an de Militär stécht an an aner Beräicher... Also ech hu scho mat Mamme geschwat, déi "en situation de famille monoparentale" liewen, déi wierklech gesot hunn, dass se total indignéiert sinn an sech guer net respektéiert fillen, wann se esou Mesuren einfach gesinn, wa si gesinn, wéi déi Saach einfach baffouéiert gëtt."

D’Politik hätt de Problem ëmmer nach net verstanen – d’Reform vum Amortissement accéléré wier just e klenge Message, datt ee gehéiere gouf. Fir d’Chambre Immobilière awer dee falsche Message, sou de Jean-Paul Scheuren: "Et sinn iwwer 70% vun de Leit zu Lëtzebuerg Proprietär an dat huet sech net vill geännert. Et sinn esouguer nach e puer Prozentpunkten dobäi komm, also ass déi Ausso falsch fir ze soen, elo sinn nëmmen nach Investisseuren do, déi sech Wunnenge kënne leeschten, an dass déi eleng responsabel wiere fir iergendeppes, mä dat schéngt einfach de Politiker zu Lëtzebuerg hire Message ze sinn: "Mir weisen elo mam Fanger op een an dann ass d'Bevëlkerung frou"."

Doduerch géifen awer net manner Wunnenge kaf ginn, well et wiere keng Alternativen do, fir z’investéieren. D’Reform vun de sougenannte FISen da wier eng reng Steiermesure an hätt keen Impakt op de Logement.

Back to Top
CIM LOGO