
... nieft dëse gëtt et och nach e reegelméissege medezinesche Suivi vun hire Leit. Dat äntwert d'Inneministesch Taina Bofferding op eng parlamentaresch Fro vum Deputéierte vun de Pirate Sven Clement. Aktuell schaffen dräi Dokteren an eng Rei speziell forméiert Leit am zoustännege Service de santé au travail vum CGDIS. An déi jugéieren, wie fit genuch ass, fir an den Asaz ze goen.
U wéi enge Krittäre si dës Decisioun festmaachen ass zwar gesetzlech festgeluecht, ma den Dokter huet dobäi och nach e gewëssenen Interpretatiounsspillraum.
Lo ginn et beim CGDIS ganz verschidden Aufgaben an dowéinst wieren déi gesondheetlech Ufuerderungen och un déi eenzel Funktiounen ugepasst.
E fräiwëllege Pompjee, dee kierperlech net méi esou staark dierf gefuerdert ginn an dowéinst aner Aufgaben iwwerhëlt, gëtt och duerno bewäert. Dozou gehéieren zum Beispill Aufgaben am Beräich vun der Koordinatioun oder och dem psychologesche Support. Esou kéint een eng ganz Rei Leit am Déngscht vun de Bierger behalen, déi net méi direkt als Pompjee kënne schaffen.
D'Ufuerderungen un d'Pompjeeë wier schliisslech relativ héich. Ëmmerhi wier hir Aarbecht net nëmme kierperlech ustrengend, ma si géifen och dacks ënner Stress schaffen a wieren dobäi nach staarker Hëtzt ausgesat.
Et misst also garantéiert ginn, dass déi Fraen a Männer, déi Leit an Nout hëllefen, selwer gesond a fit sinn. Dozou gehéiert och, dass si net dierfen iwwergewiichteg sinn.
Well den Deputéierte spezifesch duerno gefrot hat, präziséiert d'Ministesch nach, datt ee vun de Krittären, fir dat ze moossen, de sougenannte Body-Mass-Index, kuerz BMI, ass. Dëse Wäert wier als international Referenz, fir d'Gewiicht ze beurteelen, unerkannt.
De CGDIS hätt iwwerdeems eng Rei Moossnamen agefouert, fir den Taux d'Inaptitude bei den operationelle Pompjeeën esou déif ewéi méiglech ze halen. Zum Beispill wier e Grupp vu professionelle Pompjeeën zu Sportsmoniteuren ausgebilt ginn an et géife Sportsaktivitéiten an den eenzelen Zentren offréiert ginn. Ausserdeem bitt de CGDIS senge Memberen d'Méiglechkeet mat engem professionelle Sportstrainer ze trainéieren oder en Ernierungsberoder ze gesinn.