D'Demokratië stinn ënner Drock an et gëtt gewëss Geforen. Dës Gefore wiere multipel, seet de Chamberpresident Claude Wiseler. Se kommen eemol vu bannen, zum Beispill duerch sozial Inegalitéit, awer och vu baussen, duerch Manipulatioun an hybrid Kricher. Heiansdo géing et daueren, fir an der Demokratie e gesellschaftleche Konsens ze fannen, sou den CSV-Politiker. D'Leit hätten eben ënnerschiddlech Positiounen an d'Aufgab wier et, fir déi beieneen ze bréngen. Dat wier heiansdo schwiereg, well d'Bierger eben net ëmmer kënnen novollzéien, datt hir Fuerderungen net déi eenzeg sinn.
Ee vun den Haaptproblemer wier effektiv deen, datt d'Empathie an der Gesellschaft deels verluer gaange wier. Dat sot d'Invitée Kim Nommesch vum Zentrum fir Politesch Bildung. D'Leit kéinte sech net méi sou an aner Leit era versetzen. Fir si bleift d'Demokratie de Garant fir Fridden.
Desinformatioun, Inegalitéiten an e Vertrauensverloscht géingen awer Drock op d'Regierungsform vun der Demokratie ausüben. Et sollt een de Bierger d'Stäerkte vun der Demokratie nach emol méi no bréngen, sou d'Kim Nommesch.
Bei de Jonke géing een heiansdo eng gewëss Middegkeet constatéieren, sou de Julien Lemmer-Veloso, President vum Jugendparlament. Jonker wéilte sech nach ëmmer engagéieren, seet hien, mä heiansdo géifen hir Fuerderungen ebe vun der Politik net ëmgesat ginn.
Hien ass der Meenung, datt d'demokratesch, politesch a gesellschaftlech Bildung méi eng grouss Plaz am Schoulprogramm sollen hunn. Beim Cours VISO géif et leider dacks vum Proff ofhänken, wat herno beim Schüler hänke bleift.
D'Jugendparlament huet iwwerdeems d'Revendicatioun relancéiert, fir e Walrecht vu 16 Joer un op kommunalem Niveau.
"Background am Gespréich" leeft ëmmer samschdes an der Mëttesstonn (vun 12 bis 13 Auer) op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream um Internet respektiv an der App (Audio a Video). Dono ass d'Emissioun op RTL.LU an um RTL Play zu all Ament nach eemol ze lauschteren oder ze kucken - an der Rubrik "Radio" bei Emissiounen " Background " wielen.