No dréchenem SummerWéi gesäit et mat de Waasserreserven am Land aus?

Christophe Hochard
Bei Enkpäss, kéinten déi Responsabel vun der SEBES op Reservequellen zréckgräifen.
Wéi gesäit et mat de Waasserreserven am Land aus?
Bei Enkpäss, kéinten déi Responsabel vun der SEBES op Reservequellen zréckgräifen.

Waasserreserven am Land / Reportage Max Richartz

Et war bis elo een immens waarmen an dréchene Summer. Do stellt sech d'Fro, wéi et mat de Waasserreserven am Grand-Duché ausgesäit. De Niveau vum Stauséi ass 80cm méi niddreg ewéi d'läscht Joer, mee et géif awer nach keen Enkpass ginn.

De Niveau vum Stauséi leit momentan bei knapp 317 Meter iwwert dem Mieresspigel, wat ongeféier engem Volume vun 43 Millioune Kubikmeter entsprécht. Et ass zwar manner Waasser ewéi leschte Summer dran, ma et wier awer nach net dramatesch. Réischt wann de Niveau vum Stauséi bei manner wei 310 Meter iwwert dem Mieresspigel géif leien, géif et kritesch ginn. De Christian Schroeder, Sous-Direkter vun der SEBES:

"Am Moment hunn mer kee Problem mat der Quantitéit vum Waasser. Mir huele souwisou mat eisem variabelen Aarm och ëmmer d'Waasser aus der Héicht, wou d'Qualitéit vum Waasser am beschten ass. Et ginn och reegelméisseg Analyse geholl, fir dat ze garantéieren"

Ronn 86% vum Waasser, dat aus dem Krunn kënnt, gëtt vun der SEBES opbereet. D'Qualitéit vum Waasser wier am Wanter ewéi am Summer bal identesch. Bei der Quantitéit wier dat awer net de Fall, esou de Jean-Paul Lickes, Direkter vum Waasserwirtschaftsamt:

"Qualitéitsméisseg ass et effektiv esou, datt et Schwankunge ginn tëscht Summer a Wanter. Am Summer ass natierlech ëmmer méi eng héich Demande do och wann een dat um Krunn net mierkt. Mir soen ëmmer, soubal de Congé collectif ugefaangen huet, ass eigentlech fir eis dat grousst opootmen do an dat ass elo och fir eis geschitt."

Bei Enkpäss, kéinten déi Responsabel vun der SEBES op Reservequellen zréckgräifen. Ma net nëmmen, datt et am Wanter net méi sou vill reent a schneit, och de Knascht am Waasser wier ee grousse Problem. De Luc Zwank, Sous-Direkter vum Waasserwirtschaftsamt:

"Mir hunn aktuell Quellewaasser fir eng ronn 75. 000 Awunner, déi mer net kënnen notzen, well Belaaschtung duerch Nitrater oder Pestizidréckstänn ze héich sinn. Dofir ass et wichteg, datt mer och do, déi Strategie vu Schutzzone weider dreiwen."

Zanter 2017 gëtt zu Eschduerf eng nei Drénkwaasseropbereedungsanlag gebaut mat enger Kapassitéit vun 110.000 Kubikmeter Drénkwaasser pro Dag . Virum Summer 2021 soll deen éischten Deel vun der Anlag a Betrib geholl ginn.

© Christophe Hochard / RTL Télé Lëtzebuerg

Back to Top
CIM LOGO