Covid-19-ImpaktWéi gesäit d'Situatioun reel fir d'Gemengen aus?

RTL Lëtzebuerg
Am Hierscht soll an deem Kader e "Kassensturz" gemaach ginn, fir eng genee Analys ze maachen.

Och wann d’Gemenge manner Recetten hunn, sollen se zu enger antizyklescher Politik bäidroen a weider investéieren. Dat sot de President vun der Interieurs-Chamberkommissioun Dan Biancalana, nodeems en Donneschdeg zesumme mat der Budgets- a Finanzkommissioun iwwert den Impakt vum COVID19 op d’Gemengefinanze geschwat gouf. Béid Kommissioune wäerten am Hierscht dann e sougenannte „Kassensturz“ maachen, fir ze kucken, wéi d’Situatioun reell fir d’Gemengen ausgesäit.

Den Dan Biancalana iwwert d'Gemengefinanzen

Den Dan Biancalana: "Ech mengen déi 420 Millioune sinn déi, déi à ce stade genannt goufen, mä am Hierscht gesi mer da wat et finalement ausmécht. De nämmlechte Moment wäert do ronderëm gekuckt ginn, wéi d’Situatioun vun de Gemengen ass an dat mat Hëllef vum Optrag, deen den Inneministère der Zentralbank ginn huet, fir eng Analyse vun de Gemengefinanzen ze maachen. Dat gouf schonn 2011 gemaach, mä hei da mam Bléck vun der Reform vun de Gemengefinanzen déi 2016 a Kraaft getrueden ass."

D‘Gemengen hätten an der aktueller Situatioun Méiglechkeeten, fir Investissementer héich ze halen an awer z'adaptéieren, zum Beispill duerch en Emprunt ënner verschiddene Konditiounen oder andeems d’Gemengen op hir Reserven zréckgräifen. An der aktueller Situatioun hätt den Interieur sech donieft bereet erkläert, de Gemengen eng Finanzberodung unzebidden, huet den LSAP-Deputéierten Dan Biancalana nach präziséiert.

Back to Top
CIM LOGO