
E Feier ass séier entflaamt, och an engem Zoo. An der Silvesternuecht sinn am beléifte Krefelder Zoo méi ewéi 30 Déiere gestuerwen. Ausgeléist gouf den Inferno duerch eng Himmels-Lanter. D'Fro, déi bléift, ass, ob a wéi vill déi 3 Fraen, déi warscheinlech responsabel fir d'Feier sinn, u Schued musse bezuelen an ob eng Haftflicht dofir opkënnt. Den Tim Morizet huet och hei zu Lëtzebuerg nogefrot, wéi d'Assurancë mat esou enger Situatioun ëmginn.
Méi ewéi 30 doudeg Afen, e komplett ausgebrannte Gebai, an e Schued an zweestelleger Milliounenhéicht. De Bilan vum Feier am Krefelder Zoo ass katastrophal. Ausgeléist gouf d'Feier warscheinlech duerch eng verbueden Himmels-Lanter, déi eng Mamm mat hiren zwou erwuessenen Duechteren an der Silvesternuecht gestart hat. D'Frae riskéieren elo eng Prisongsstrof vu bis zu 5 Joer an eng Geldstrof.
Ma domat ass et net gedoen. Den Ament ermëttelt déi Däitsch Police wéinst involontairer Brandstëftung. D'Chance besteet, datt de beschiedegten Zoo Schuedenersatz freet. Am normale Fall kënnt d'Haftflicht vun den 3 Fraen dofir op, wa se eng hunn.
Och zu Lëtzebuerg ass d'Haftflicht net obligatoresch. Zu Krefeld an och zu Lëtzebuerg géif d'Feierversécherung vun de Betraffenen an esou engem Fall opkommen, wann déi Schëlleg net fonnt ginn. Ass de Schëllege fonnt, kënnt och zu Lëtzebuerg d'Assurance fir de Schued op, erkläert de Marc Hengen, Administrateur- Délégué vun der ACA.
„Et ginn do keng uniform Konditiounen. Haftflicht kënnt am allgemenge fir dëse Schued op. Wann ee keng huet oder wann d'Versécherungszomm net duergeet, da muss ee wat iwwreg bléift aus der eegener Täsch bezuelen.“
An Däitschland huet eng méi bëlleg Haftflichten dacks en Deckel vu 2-5 Milliounen Euro. Sollten d'Fraen an Däitschland also net de passenden Zousatzsschutz hunn, géing et ëm hir Existenz.
Bei enger däitscher Haftflicht gi Schied, déi duerch verbueden Objeten entstinn, och dacks net iwwerholl. Dat ass zu Lëtzebuerg anescht.
„D'Versécherung kënnt fir déi zivilrechtlech Schied op, dat heescht déi Materialschied. Se bezilt déi och an hëlt do net a Consideratioun, ob dat dann och verbuede war, wat do geschitt ass oder net. Do kritt een dann natierlech e Protokoll, deen ee sëlwer muss bezuelen.“
Dat heescht och, wa Freedefeier an enger Gemeng zu deem Ament verbuede sollt sinn, géif d'Haftflicht am Fall vun engem Accident opkommen.
Wéi d'Situatioun zu Krefeld weider geet wäerten een an den nächste Wochen a Méint gesinn.