Vill Froe bleiwen opWéi geet et nom 15. Juli an de Crèchë weider?

RTL Lëtzebuerg
Et gëtt nach grouss Onsécherheet an de Crèchen. Kee weess, wéi et nom 15. Juli weidergeet, an dat ass jo net méi esou laang.
Wéi geet et nom 15. Juli an de Crèchë weider?
Et gëtt nach grouss Onsécherheet an de Crèchen. Kee weess, wéi et nom 15. Juli weidergeet, an dat ass jo net méi esou laang.

Bekanntlech gëtt et an der Crèche keng Summervakanz. Datt de 15. Juli eng Ännerung kënnt, steet um Internetsite vum Ministère. Do heescht et nämlech, datt vu Mëtt Juli un déi al Kontrakter, déi jo wéinst Covid ausgesat goufen, nees gëllen.

Eent ass sécher: Et sinn haart Zäite fir d'Crèchen. Aktuell betreie si manner wéi d'Hallschecht vun de Kanner wéi virum Confinement. Virun der Corona-Zäit ugangs Mäerz ware 4.701 Kanner a konventionéiere Crèchen ageschriwwen,
11.862 an net-konventionéierte Crèchen; en Total vu 16.563.

Nom Confinement - also elo - sinn et der manner wéi hallef esou vill Kanner, also just nach 7.481 Kanner, déi an d'Crèche ginn. Dat bréngt finanziell Enkpäss, och wann de Staat seng Part vun de chèques services weiderbezilt, dee vun den Eltere fält jo awer ewech. Wat geschitt nom 15. Juli? Dat ass déi grouss Fro, déi sech elo am Secteur gestallt gëtt.

Um Site vum Ministère steet, datt dann d'Kontrakter, déi virum 16. Mäerz, also virum Lockdown, a Kraaft waren, nees géife gëllen. Mä wéi soll dat konkret ëmgesat ginn a wat sinn dann déi sanitär Reegelen? Vill Froen, op déi et nach keng Äntwert gëtt.

E Méindeg war eng weider Reunioun op Beamtenniveau tëscht dem Ministère an de verschiddenen Organisatiounen, déi Crèchen hunn oder vertrieden. E Freideg nom Regierungsrot wär mat Decisiounen ze rechne sinn.

Back to Top
CIM LOGO