Dir hutt d'Wuert mam Gilles Roth"Mir kënnen net alles als Staat maachen, mä mir versichen, eist Bescht ze maachen"

Carine Lemmer
Dir konnt en Donneschdeg de Moien dem Finanzminister Gilles Roth Är Froen zu der Budgetspresentatioun stellen.
Dir hutt d'Wuert: Wéi fannt Dir d'Budgetspolitik vun der Regierung?

"Fir d'Leit. Fir Opschwong" ass déi grouss Iwwerschrëft vum Budgetsprojet fir d'nächst Joer. Wann de Gilles Roth zejoert nach vun engem schwierege Joer 2026 geschwat huet, ass hie fir 2027 "virsiichteg optimistesch". Et soll an d'Leit, an d'Betriber an an d'Zukunft investéiert ginn. Et wär eng Schold, déi ze stemmen ass, huet hien en Donneschdeg de Moien um Radio widderholl, wéi Dir konnt Är Froen oder Remarken zum Budget maachen. Den CSV-Finanzminister war live am Studio, fir op Är Froen ze äntweren.

Den Index war ënner anerem Theema. Hie géif sech do un de Regierungsprogramm halen. Den Index wär a Stee gemeesselt. Fir e gedeckelten Index géif et aktuell keng Majoritéit ginn an dowéinst wär dat elo kee Sujet. Den Index wier Deel vum Lëtzebuerger Sozialmodell a géif dofir net a Fro gestallt ginn. E géif sozial Rou a Kohäsioun bréngen.

D'Annoncë vum Minister a Saache Kierperschaftssteier hunn och interesséiert. Firwat bezilt de klenge Bäcker beispillsweis nëmme minimal manner wéi grouss Multi-nationalle mat risege Beneficer? Dat wier eng legitim Fro, seet de Gilles Roth. Mä wann een en héicht Steierland géif gi fir grouss Firmen, da géif een déi net am Land behalen: trop d’impôt tue l’impôt, sou de Finanzminister. Fir 2026 an 2027 sinn 8,5 Milliarden Euro Kierperschaftssteier virgesinn. Déi wiere wichteg an dofir misst ee kucken, als Land weider attraktiv ze bleiwen.

Resumé "Dir hutt d'Wuert" mam Gilles Roth
"Mir kënnen net alles als Staat maachen, mä mir versichen, eist Bescht ze maachen"

Wat den annoncéierten "Housing Bond" ugeet, sollen d'Leit dee kënne vu Januar d'nächst Joer u kafen. E Staatsemprunt vu warscheinlech ëm 300 Milliounen Euro, mat deem de Staat bezuelbare Wunnengsbau finanzéiere wëll. Fir den Investisseur, deen dem Staat Sue léint, soll keng Quellesteier vun 20% fälleg sinn. De Gilles Roth geet dervun aus, datt e ganz séier wäert verkaf sinn.

Firwat dann net och eng Quellesteier um Gewënn vun Aktien? Geplangt ass jo elo, datt de Gewënn net méi no 6 Méint steierfräi ass, mä eréischt no engem Joer. Dat géif net duergoen, hunn Deeler vun der Oppositioun kritiséiert an och Leit era geschriwwen.

"Meng Imaginatioun kennt do keng Grenzen", huet de Gilles Roth geäntwert. Hie kéint sech do nach méi virstellen a géif kucke wéi d'Bereetschaft an der Chamber wär, wéi déi verschidde Parteien dat géife gesinn. Dat wär net eleng seng Decisioun, mä fir de Gilles Roth ass eng Quellesteier op den Aktie-Benefisser keen Tabu.

Dir konnt dem Finanzminister Gilles Roth Är Froen zu der Budgetspresentatioun stellen.

Liest och dës Artikelen

Back to Top
CIM LOGO