
Déi gréissten Oppositiounspartei huet e Mëttwoch no der Educatiounskommissioun vun der Chamber kritiséiert, datt d'Buergermeeschteren aus den 102 Gemengen a Situatioune gesat géinge ginn, déi se net wéilten. Et géif vun hinne verlaangt ginn, Gesetzer net anzehalen, ouni datt et awer e richtege Réckhalt vum Staat gëtt, esou de CSV-Deputéierten a Käerjenger Buergermeeschter Michel Wolter.
"Mir wollten déi Froen haut duerchdiskutéieren. Mir kruten awer op keng Fro, déi mer gestallt hunn, eng kloer formuléiert Äntwert vun der Inneministesch. Weder op d'Fro vun de Kontrakter fir dat zousätzlecht Personal, nach op d'Fro vun der Schoulorganisatioun, nach op d'Fro vun der Responsabilité Civile, nach op d'Fro, wat fir eng Konventiounen néideg sinn, fir datt eng Gemeng dem Staat Gebailechkeeten zur Verfügung géif stellen."D'Kontrakter, déi elo vun de Gemenge mat de Leit fir an d'Maison Relais ofgeschloss ginn, wieren net konform zu de Reegelen, esou den Deputéierten. Et géif een net d'Rentrée a Fro stellen, esou den CSV-Politiker. Ma et stellt ee sech d'Fro, wat déi nächst Woche geschitt, wann et effektiv zu engem méi gravéierenden Accident mat engem Schüler ausserhalb vun den typesche Schoulgebaier géif kommen, a wien d'Responsabilitéit dréit. Eng Fro, op déi een e Mëttwich keng kloer Äntwert vun der Inneministesch Taina Bofferding kritt hätt.
Den DP-Kommissiounspresident, Gilles Baum, gesäit dat anescht: "Fir d'Gemengen ofzesécheren, huet de Staat proposéiert, eng Konventioun ofzeschléissen, fir dann d'Responsabilitéiten an deem Zäitraum an deene Gebailechkeeten ze iwwerhuelen. Et ass elo faktesch net méiglech, fir iwwerall op déi Gebaier en Agreement ze maachen. Dat kréie mer zäitlech net hin."Et si weider Prezisiounen zur allgemenger Schoulorganisatioun gefrot ginn, esou den DP-Deputéierten. Dës géifen an den nächsten Deeg vum Inneministère un d'Gemenge geschéckt ginn. D'Ausschaffen, d'Ëmsetzen an d'Iwwerwaache vum Sécherheetskonzept géif och ënnert d'Kompetenz vum Ministère falen, esou d'Prezisioun vum Educatiounsminister Claude Meisch.
