Duerch déi nei sanitär Reegele sinn awer just d'Halschecht vun de Plazen an de Betreiungsstrukturen disponibel. Eltere vu Kanner bis 4 Joer hu jo de Choix, fir op de Congé pour raisons familiales zréckzegräifen. Wéi wäert d'Rentrée a Corona-Zäiten ausgesinn?
Ënner strikte Virschrëften dierfe Kanner vun e Méindeg un nees an de Crèchë spillen. Net méi wéi 5 Kanner pro Grupp a Raum. Mat hirem zougewisene Betreier. Gruppen dierfe sech net vermëschen. Dat wär ze geréieren. Méi schwéier ze léisen ass dës Fro: Wéi kréie mer et hin, datt d'Elteren an hir Kanner sech moies an owes net oder esou mann wéi méiglech mat anere kräizen?
Julie Saurat, Chargée de Direction:"Nous ici, nous avons décidé d'organiser ce protocole avec une infirmière qui va prendre la température de chaque enfant et il y aura un enfant accueilli par étage pour éviter les croisements avec un sens de circulation bien défini aus sein de la crèche."
Wien an dës Struktur erakënnt, hëlt de Lift, wien erausgeet, hëlt d'Trap. Féiwer moossen ass net vun der Santé recommandéiert, dat geréiert all Crèche selwer, wéi se et fir gutt fënnt. Allgemeng gëllen déi typesch Gestes barrières.
Arthur Carvas, President FELSEA vun de Private Betreiungsstrukturen: "Reegelméisseg Hänn wäschen, reegelméisseg Hänn desinfizéieren. Mir mussen am Grupp mat de Kanner net mat Maske schaffen, D'Personal, dat wëll, ka se awer undoen. Wann d'Elteren erakomme wëllen, fir d'Kanner ze bréngen, dierfe se dat net an de Grupp, mä bis virun d'Dier. Hei ass de Mask och obligatoresch."
Och wann all Grupp a sengem eegene Raum an déi Kleng ënner 2 Joer an hirem Dortoire schlofen, esou muss d'Bettgezei all Dag gewäsch ginn, de Wéckeldësch no all Gebrauch desinfizéiert ginn. Pedagogescht Material a Spillsaachen, déi net kënne gewäsch ginn, solle fort geraumt ginn. Allgemeng sollen d'Kanner an hirem Grupp esou vill Zäit wéi méiglech dobausse verbréngen.
Julie Saurat: "On va privilégier les sorties dans notre jardin, nous avons un jardin, une terrasse et une cour. Ce qui va permettre à beaucoup d'enfants de profiter des extérieurs."
Vum personellen Opwand hier wären déi nei Oploen a sanitär Mesuren ze geréieren, do ass d'FELSEA, d'Federatioun vun de Privaten Acceuil-Strukturen zouversiichtlech. Fangerspëtzegefill war erfuerdert beim Choix vun de Kanner, déi nees dierfe kommen. Schliisslech sinn den Ament duerch d'Moossname just d'Halschecht vun de Plazen disponibel.
Arthur Carvas:"Eis Recommandatioune si kloer, Kanner vun Elengerzéienden, déi musse schaffe goen. Déi aner Recommandatioun ass d'Personal aus de Gesondheetsberuffer, wou musse schaffe goen. Duerno muss ee vu Fall zu Fall ofschätzen. Zum Beispill, wann eng Famill an engem klengen Appartement wunnt."
Bei Elteren, déi léiwer op de Congé pour raisons familiales zréckgräifen oder keng Plaz fir hiert Kand kruten, ass de Kontrakt elo bis de 15. Juli suspendéiert. Duerno leeft en nees normal un. Bis Mëtt Juli bezilt de Staat de Betreiungsstrukturen déi 6 Euro d'Stonn fir dës Kanner, déi net komme kënnen. Anescht wär et finanziell net ze packe gewiescht. Elo bereet ee sech op d'Rentrée vir, eng Rentrée, déi no 10 Wochen och fir déi Kleng eng grouss Ëmstellung dierft ginn.
