
D'Chambre des Fonctionnaires et Employés publics huet hiren Avis iwwert de Staatsbudget fäerdeg an huet nawell eng sëllege Punkten, iwwer déi si nach Froen hätt. Zum Beispill bei der Steierreform. Wéi ee finanziellen Impakt, déi op de Budget kéint hunn, géif net am Texte stoen. Dofir géif een dovunner ausgoen, datt de Finanzminister Gramegna selwer nach keng Anung hätt, wéi d'Steierreform sollt ausgesinn.
Wat kéim amplaz vun de Steierklassen? Wann ee seet, déi sollten ofgeschaaft ginn. De Romain Wolff vun der Chambre des Fonctionnaires et Employés publics:
"Ech ginn dovunner aus, datt de Finanzminister dat nach net genee weess. Eleng d'Iddi, datt ee seet, et verléiert keen eppes an op der anerer Säit, datt et Gewënner wäerte ginn - do stelle mir eis d'Fro, wéi dat soll ausgesinn a wéi dat soll finanzéiert ginn."
An hirem Avis vu ronn 80 Säite fuerdert d’CHFEP dann och, datt d’Steiertabell un d’Inflatioun soll ugepasst ginn. Dat wier déi leschte Kéier virun 10 Joer geschitt. Dee Mechanismus soll nees gräifen. D’Charge fiscale soll fir d’Personne physique erofgoen an am Logement kéint eng Spekulatiounssteier agefouert ginn. Op jiddwer Fall kéint een de Problem net net ugoen. De Romain Wolff fuerdert an deem Kontext op:
"Maacht eppes - egal, wat et ass. Mir schwätze vu Spekulante-Steier oder Limitatioun vun de Präisser vun den Terrainen: et geet net ëmmer nëmmen duer ze soen, hei ass ee Problem."
Ëmmer méi soll an Zukunft op d'Digitaliséierung gesat ginn. Soudatt de Sozialsystem an Zukunft net nëmme méi duerch d'Salairë finanzéiert ka ginn. Do denkt de Romain Wolff un zum Beispill eng Robotersteier.
"Mir wëssen, datt op d'Aarbecht vum Computer net noutgedronge Steiere bezuelt gëtt. Och wat d'Securité sociale an d'Pensiounen ubelaangt, feelt et jo dann un alles. Wann dat massiv géif Iwwerhand huelen an näischt amplaz kënnt, da kann dat net funktionéiert."
Eng weider Kritik gouf et dann am Kontext vum Klimaschutz. De Staatsbudget géif ganz kloer den Accent op dee setzen. Allerdéngs géif dann awer opfalen datt 70 Prozent vun de Suen, déi fir de Klimaschutz geduecht sinn, an den ëffentlechen Transport fléissen. Nëmme 14 Prozent géifen an de Fong fir de Naturschutz a Klima- an Energiefong investéiert ginn.