Tour Auvergne-Rhône-Alpes: 7. EtappDel Toro setzt sech en solitaire um Grand Colombier duerch, Tuckwell bleift a Giel

RTL Lëtzebuerg
E Samschdeg ass et op der 7. Etapp vum Tour Auvergne-Rhône-Alpes iwwer schwéier 133 Kilometer vu La Bridoire erop op de Grand Colombier gaangen.
De Gewënner vum Dag Isaac Del Toro
De Gewënner vum Dag Isaac Del Toro
© ANNE-CHRISTINE POUJOULAT/AFP

Den Isaac Del Toro huet e Samschdeg déi 7. Etapp vum Tour Auvergne-Rhône-Alpes gewonnen. De Mexikaner huet sech en solitaire uewen aus um Grand Colombier d'Victoire geséchert. Mat engem Retard vu 25 Sekonnen ass de Juan Ayuso als Zweeten ukomm. Drëtten ass den Tobias Johannessen op 38 Sekonne ginn.

De Mann a Giel Luke Tuckwell huet an der Schlussmontée misse lassloossen, ma huet duerch e gudde Rhythmus net ze vill Zäit verluer an ass als 11. op zwou Minutten an 33 Sekonnen ukomm. Hien huet domadder säi Leader-Tricot verdeedegt a geet a Giel an déi lescht Etapp. Am General huet den Australier eng Avance vun 42 Sekonnen op de Matteo Jorgenson an 49 Sekonnen op den Del Toro.

E schwaarzen Dag hat ee vun de Favoritte Paul Seixas. De Fransous war am Ufank vun der 7. Etapp méi schwéier gefall an huet laang gebraucht, fir nees no vir ze kommen. An der Schlussmontée hunn him dunn déi néideg Käre gefeelt, fir mat de Beschte matzehalen. Dem Seixas seng Chancen op d'Schlussvictoire sinn duerch d'Chute däitlech erofgaangen.

De Paul Seixas gezeechent vu senger Chute
De Paul Seixas gezeechent vu senger Chute
© ANNE-CHRISTINE POUJOULAT/AFP

Nodeems de Kevin Geniets e Freideg aus gesondheetleche Grënn opginn hat, ass um Samschdeg och den zweete Lëtzebuerger an der Course, Mathieu Kockelmann, vum Vëlo geklommen.

E Samschdeg huet um zweetleschten Dag vum Tour Auvergne-Rhône-Alpes eng weider schwéier Biergetapp op d'Coureure gewaart. Op den 133 Kilometer hunn dräi Bierger vun der zweeter Kategorie, ee vun der éischter Kategorie a mat der Arrivée erop op de Grand Colombier nach ee Bierg "Hors catégorie" gewaart.

12 Kilometer virun der Arrivée gouf d'Echappée mat de Coureure Berthet, De Plus, Paret-Peintre a Bennet agefaangen an d'Decisioun ëm d'Etappevictoire ass an der Schlussmontée gefall. De Peloton ugefouert vu Lidl-Trek an UAE ass mat héijer Vitess an de Grand Colombier gaangen. Doduerch ass de Peloton séier deziméiert ginn an och de Maillot Jaune Luke Tuckwell hat seng Schwieregkeeten a konnt dem Tempo un der Spëtzt net méi matgoen.

Gutt 6 Kilometer virun der Arrivée huet den Ayuso attackéiert a konnt sech eleng un d'Spëtzt setzen. Op de leschte 4 Kilometer huet den Del Toro nogesat. 1,5 Kilometer virun der Arrivée ass de Mexikaner bei de Spuenier bäigefuer an huet dëse mat enger weiderer Acceleratioun stoe gelooss. Um Enn ass d'Victoire dann och en solitaire fir den Del Toro. Op de Plazen 2 an 3 sinn den Ayuso op 24 Sekonnen an de Johannessen op 38 Sekonnen ukomm.

De Mann a Giel Luke Tuckwell huet als 11. zwou Minutten an 33 Sekonne verluer. Domadder bleift hien de Leader a geet mat enger Avance vun 42 Sekonnen op de Matteo Jorgenson an déi lescht Etapp.

Nach ass d'Decisioun ëm d'Schlussvictoire beim Tour Auvergne-Rhône-Alpes net gefall. E Sonndeg um leschten Dag waart nach d'Kinneksetapp op d'Coureuren. Vu 15:40 Auer u kënnt Dir op RTL live mat dobäi sinn.

D'Klassement vun der Etapp

1 del Toro Isaac UAE Team Emirates - XRG 3:41:41
2 Ayuso Juan Lidl - Trek 0:24
3 Johannessen Tobias Halland Uno-X Mobility 0:38
4 Jorgenson Matteo Team Visma | Lease a Bike 0:41
5 Uijtdebroeks Cian Movistar Team ,,
6 Seixas Paul Lidl - Trek 1:17
7 Skjelmose Mattias Decathlon CMA CGM Team 1:21
8 Rodríguez Cristián XDS Astana Team 2:29
9 Parra José Félix Caja Rural - Seguros RGA 2:31
10 Castellon Jan Caja Rural - Seguros RGA 2:33
11 Tuckwell Luke Red Bull - BORA - hansgrohe ,,

De General

1 Tuckwell Luke Red Bull - BORA - hansgrohe 25:59:09
2 Jorgenson Matteo Team Visma | Lease a Bike 0:42
3 del Toro Isaac UAE Team Emirates - XRG 0:49
4 Ayuso Juan Lidl - Trek 1:06
5 Johannessen Tobias Halland Uno-X Mobility 1:33
6 Seixas Paul Decathlon CMA CGM Team 1:54
7 Skjelmose Mattias Lidl - Trek 1:59
8 Uijtdebroeks Cian Movistar Team 2:17
9 Parra José Félix XDS Astana Team 2:33
10 Rodríguez Cristián Caja Rural - Seguros RGA 3:02

Back to Top
CIM LOGO