
Wéini kéint den Accord tëscht den USA an dem Iran ënnerschriwwe ginn? Dozou ginn et ënnerschiddlech Aussoe vu béide Säiten. Dem US-President Donald Trump no géif de Friddensaccord e Sonndeg ënnerschriwwe ginn. Kuerz drop soll d'Strooss vun Hormus dann och erëm fir den internationale Schëffsverkéier opgoen.

Och de pakistanesche Regierungschef rechent mat enger Eenegung an den nächsten 24 Stonnen.
D'iranesch Regierung schléisst Staatsmedien no allerdéngs en Ënnerschreiwen dëse Weekend aus. "Mir mussen ofwaarden, bis de genauen Datum fir d'Ënnerschreiwe feststeet", sou de Spriecher vum iraneschen Ausseministère, Ismail Baghai, der staatlecher iranescher Noriichtenagence Irna géintiwwer. Dat wäert "net muer, um Sonndeg", mä éischter "an den nächsten Deeg" de Fall sinn.
Am Iran-Krich gëllt momentan eng Wafferou, déi allerdéngs ëmmer erëm gebrach gëtt. D'Negociatiounen, déi aktuell lafen, sollen d'Kämpf ee fir allemol stoppen.
Amerikanesche Vertrieder no géif den Accord ënner anerem virgesinn, datt den Iran säin Atomprogramm ofbaut, d'Hormus-Strooss nees opmécht an datt existent héich-beräichert Nuklearmaterial zerstéiert oder onschiedlech gemaach gëtt. No der Ënnerschrëft wier eng 60 Deeg laang Phas mat technesche Verhandlunge geplangt, fir d'Ëmsetzung vun dëse Moossnamen ze reegelen.
Gläichzäiteg bleift d'Situatioun ugespaant. D'US-Arméi huet gemellt, datt si verschidden iranesch Dronen ofgeschoss hätt. Trotzdeem soll de Schëffsverkéier aktuell net behënnert sinn.