Online-SupermarchéWéi aus engem Nischen-Domaine ee gefrote Service ginn ass

RTL Lëtzebuerg
Liwwerdéngschter sinn zanter der Corona-Pandemie esou gefrot wéi nach ni.
Online-Supermarché
Liwwerdéngschter sinn zanter der Corona-Pandemie esou gefrot wéi nach ni.

Improviséieren: Dat ass fir de Jacques Lorang d'Wuert vum Joer. Hien ass CEO vun engem Online-Supermarché an ass am Fréijoer quasi iwwerrannt gi vun neie Clienten. Leit, déi duerch d'Corona-Pandemie evitéieren, physesch akafen ze goen an dofir hir Liewensmëttel online bestellen. Zanterhier erliewe Liwwerdéngschter ee Boom. Ma wéi eng Erausfuerderunge bréngt dës héich Demande mat sech? Wéi gesäit d'Situatioun haut aus? A wat bedeit déi sanitär Kris fir d'Zukunft vun esou Servicer?

D'Akeef bis virun d'Dier geliwwert kréien oder an een Drive-in siche goen - zanter der Corona-Pandemie profitéieren ëmmer méi Clientë vun dëse Servicer. D'Demande no Liwwerdéngschter ass mam Confinement am Fréijoer nämlech reegelrecht explodéiert. Eleng am Mäerz hu sech zum Beispill bei "Luxcaddy" esou vill Leit ugemellt wéi soss bannent e puer Joer. D'Ekipp ronderëm d'Grënner Jacques Lorang a Georges Kraft schafft zanterhier un de Limitte vun hire Capacitéiten. Den Ament kréien tëscht 200 a 400 Clienten den Dag hir Commande bis Heem geliwwert.

Schonn am Joer 2007 hunn de Jacques Lorang a Georges Kraft een Online-Supermarché gegrënnt. Deemools nach eng Nouveautéit zu Lëtzebuerg. An deene leschten 13 Joer ass hire Betrib konstant gewuess, ëmmer méi Leit bestellen iwwer Internet hir Liewensmëttel. Ma d'Corona-Kris huet dëse Prozess nach eemol acceleréiert. Fir der héijer Demande Meeschter ze ginn, huet "Luxcaddy" an der éischter Well souguer misse bei aneren Entreprisë Personal léine goen. An och wat d'Commanden ugeet, si se un hir Grenze gestouss. Net all Client konnte se unhuelen. Ma an all deene Punkten ass déi lescht Méint nogebessert an investéiert ginn. Si hu méi Personal agestallt, zousätzlech Camionnettë kaaft an hiert Lager vergréissert.

Jacques Lorang, CEO "Luxcaddy": "Natierlech kéint een och nach ëmmer méi maachen, mä et weess een net, wéi d'Situatioun sech weider entwéckelt. Wann elo d'Kris awer hoffentlech sou lues op en Enn géif kommen, gi mer dovunner aus, dass d'Demande awer nees bësse wäert erofgoen. An dat musse mer natierlech och an eisem Calcul berécksiichtegen."

A kierzter Zäit esou séier ze wuessen, dierft een Entrepreneur zwar freeën, ma fir de Jacques a seng Ekipp bedeit dat zanter Méint konstante Stress – eppes, wat zur neier Normalitéit ginn ass.

Jacques Lorang: "Et muss een och verstoen, dass an dësen Zäite vill Leit reegelméisseg ewechfalen, déi eng, well se a Quarantän sinn, déi aner, well se krank sinn oder ee kennen, dee krank ginn ass. Sou dass mir all Dag mussen e bëssen improviséieren an eis Ekippen nei organiséieren, fir op deem Niveau kënnen ze bleiwen. Dat ass am grousse Ganzen ee groussen Challenge fir eis."

De Jacques hofft, dass d'Leit sech dëst Joer méi familiariséiert hu mat esou Offeren an dass den Online-Alimentaire keen Nischen-Domaine méi bleift. A sengen Aen huet d'Corona-Kris een Trend beschleunegt, dee sech souwisou schonn ofgezeechent hat.

Esou änlech wéi bei "Luxcaddy" huet d'Situatioun och bei der Konkurrenz ausgesinn. Zanter bal 10 Joer bitt den Auchan de Service "Auchan Drive" un. Mëttlerweil ginn et véier Statiounen, wou d'Leit hir Akeef siche kommen, déi si am Virfeld online bestallt hunn. Zanter dem Boom am Fréijoer konnten déi Responsabel feststellen, dass fir vill Clienten aus enger provisorescher Noutléisung eng Gewunnecht ginn ass. Déi Clienten, déi virdrun physesch akafe gaange sinn, notze mëttlerweil och déi online Alternativ. Dobäi komm sinn awer och nei Clienten, déi an der Géigend vun Drive-Statioune wunnen an déi elo verstäerkt notzen.

Nieft de Commanden, déi d'Clientë selwer siche ginn, ass Auchan Lëtzebuerg zanter Kuerzem awer och an de Business vun de Liwwerdéngschter erageklommen.

Nicolas Gueuzurian, Direkter E-Commerce Auchan Lëtzebuerg: "La livraison à domicile est un projet que nous avions en cours avant la crise sanitaire et que nous avons dû accélérer avec la crise qui est arrivée. C'est un service qui est proposé depuis le mois de septembre au Luxembourg. Aujourd'hui majoritairement nos clients se sont tournés vers nos points de retraits et la livraison à domicile est en tout cas très prometteuse pour l'avenir."
Et wier ee rentabele Geschäftsmodell, esou den Nicolas Gueuzurian. Deemno wéilt ee weiderhin esouwuel an de Liwwerdéngscht wéi och an den Drive investéieren a béid Servicer ausbauen. D'Livraisoune wéilt een an Zukunft zum Beispill och a méi ländleche Géigende proposéieren. A fir hir urban Clientë wëlle si een neit Konzept ausschaffen, wat et a Frankräich scho gëtt: "Auchan Piéton" soll et de Clienten erméiglechen, zu Fouss oder mam ëffentlechen Transport hir Commande sichen ze kommen. Deemno stécht nach ee grousst Potential am Beräich vum Online-Supermarché.

Back to Top
CIM LOGO