
E Rendez-vous, deen ee sech a Corona-Zäiten iwwer Internet ginn hat.Corona ass e gutt Stéchwuert. D'Kris huet gewisen, seet d'Presidentin vun der ANIL, d'Anne-Marie Hanff, wéi wichteg d'Infirmière fir d'Gesellschaft ass an, datt se méi wier wéi en "Nice to have."
Et géif allerdéngs Villes ginn, dat misst verbessert ginn, ugefaange bei den Attributiounen vun der Infirmière.
"D'Infirmièren, déi këmmere sech am Fong ëm all déi Problemer, déi mat der Krankheet optrieden an dat sinn der eng jet. Do gëtt et vill ze dinn. Do ka se net ëmmer ganz selbstänneg schaffen an dat huet och mat deenen Attributiounen ze dinn. Dat heescht d'Infirmière, déi brauch zum Beispill eng Ordonnance, fir dem Betraffene Medikamenter ze ginn, déi hien awer selwer ouni Ordonnance vum Dokter an der Apdikt géing kréien."
Donieft bedauert d'ANIL, datt d'Potential vun den Infirmièren net genotzt gëtt: "D'Infirmière kéint vill méi maachen a se kéint och vill besser agesat ginn, well d'Infirmière ass ganz staark an der Preventioun. Se kann hëllefen, Krankheeten ze verhënneren. Se kann de Leit hëllefen, gesond ze bleiwen, well se komplizéiert Saachen einfach erkläre kann."
Dacks misst d'Infirmière awer och ganz séier déi richteg Decisioun huelen. Dat wier eppes, wat net ëmmer einfach wier, zum Beispill well se d'Leit nach net kënnen oflauschteren.
"Se kann zum Beipill, wann een net gutt Loft kritt, léiere mir an der Schoul den Ament net, wéi een eng Long oflauschtert. Wéi beschreiwen ech dat, wat ech do héieren? Brodelt et oder ass een Deel vun der Long guer net belëft? Dat ass awer immens wichteg, datt een dat léiert, fir datt ee mam Dokter op Aenhéicht ka kommunizéieren."
Iwwerhaapt läit d'Formatioun der ANIL um Häerz. Si fuerdert zum Beispill, datt och Infirmièrë kenne studéieren. D'Anne-Marie Hanff nennt d'Beispill vun enger Medical School, wou Dokteren an Infirmièrë Coursë kéinten zesummen hunn.
"Si kéinten zesumme léieren, wéi een ee Patient ënnersiche kann. Si kéinten zesumme Pharmacologiescoursen hunn. D'Infirmièrë kéinten zesumme mat de Kinéë Coursen hunn, iwwer Konzepter, wéi een e Patient mat engem Schlaganfall beweegt a mobiliséiert an aus dem Bett beweegt. All déi Beruffer, déi studéieren an d'Infirmière, déi am Fong am meeschte Kontakt mam Patient huet an déi gréisste Verantwortung, well se ëmmer selwer Entscheedunge muss treffen, déi mécht eng Formatioun, déi et international net gëtt."
D'Anil wëll der Politik weisen, datt et vill ze di gëtt an appelléiert un d'Politiker, datt se sech sollen trauen, eppes z'änneren, well et géif sech lounen.
