HéichwaasserWat ass a puncto Assurancë wichteg ze wëssen?

RTL Lëtzebuerg
D'Biller uechter dat ganzt Land, d'Temoignagen de ganzen Dag iwwer schonn um Radio an op RTL.lu weisen, wéi uerg d'Situatioun no deem ville Reen ass.
© RTL Mobile Reporter

Vum klenge Schued bis bei déi grouss perséinlech Katastroph, wéi geet ee bei senger Assurance vir? D'Michelle Reiter huet nogefrot beim Marc Hengen, dem Administrateur adjoint vun der ACA, der Associatioun vun den Assurancen zu Lëtzebuerg.

Wat ass a puncto Assurancë wichteg / Reportage Michelle Reit

Zanter 2017 gëtt et e Changement, wat d'Assurancen am Fall vun enger Iwwerschwemmung ugeet. Déi normal Waasserversécherung deckt de Schued vum Héichwaasser a vun de Konsequenze vum ville Reen net of, sou de Marc Hengen.

"Et ass net eng normal Waasserversécherung, déi een do brauch, mee eng Iwwerschwemmungsversécherung, déi ugepasst gouf, nodeem datt et kloer ginn ass, dass mer méi dacks mat ganz staarke punktuelle Reefäll konfrontéiert wieren, sou wéi dat gëschter Mëtteg [Mëttwoch] ugefaangen huet an an der Nuecht virugaangen ass."

Am Joer 2018 waren och vill Assurancen, déi hir Clienten direkt kontaktéiert hunn, fir hinne matzedeelen, dass et elo esou eng spezifesch Versécherung géint Iwwerschwemmunge géing ginn, eng "Assurance contre les inondations". D'Echoe wieren, wéi d'Gesellschafte matgedeelt hunn, gutt gewiescht. Vill Leit hätte sech iwwer déi nei Assurance ofgeséchert. Zu wéi vill Prozent ass engem säi Schued mat där Versécherung gedeckt? Kann een dat global soen oder hänkt dat vun der Situatioun of?

"Déi minimal Couverturen, déi d'Assureuren deemools offréiert hunn, déi hänken dovun of wou dat Haus oder dat Appartement ass. Fir déi normal Zonen ass et e Minimum vun 250.000 Euro, déi ofgedeckt sinn an an der Zone inondable sinn et der Minimum 20.000. Dat ass dee Standard, deen deemools pauschal ugebuede gouf wat tëscht der ACA an dem Finanzministère ofgemaach gouf. Et kann awer sinn, dass Gesellschaften och doriwwer eraus ginn."

Wéi geet een elo vir, wann een e Schued huet. Vu wéini u kann de Geschiedegte sech mellen? Waart ee bis d'Waasser fort ass, bis en definitiven Inventaire ka gemaach ginn oder huet ee besser et mellt ee sech schonn am Viraus bei senger Assurance?

"Et ass wichteg, dass een dem Assureur séier Bescheed seet, duerch en Email oder Telefon un d'Gesellschaft oder un den Agent. Do kritt een da gesot wéi et weidergeet a wat déi eenzel Persoun soll maachen. Et kann net allgemeng gesot ginn, dass een, wann een net bannent engem Dag Bescheed seet keng Entschiedegung géing kréien. D'Leit hunn Zäit awer wa se d'Geleeënheet hunn, e klenge Kontakt geet duer, fir datt en Dossier opgemaach an e Suivi gemaach gëtt. Et ass och unzeroden, e puer Fotoen ze huele vun deem wat geschitt ass, vun deene Saachen déi futti sinn, datt een dem Assureur dat duerno ka schécken a weisen, fir datt dee Schued sou séier wéi méiglech finanziell kann ofgeschloss ginn."

Et gëllt also, trotz Opraumaarbechten a Botzen, sou séier wéi méiglech de Kontakt opzehuele mat der Assurancëgesellschaft respektiv mam Agent, wéi gesot de Fall gesat et huet een eng extra Iwwerschwemmungsversécherung. Op Nofro hi wat geschitt, wann een déi "Assurance contre les inondations" net gemaach huet, huet Marc Hengen vun der ACA dat hei geäntwert

"Déi Leit, déi hu jo de Choix gemaach, dat net ze hunn, an déi mussen dann d'Konsequenzen dovunner droen."

Back to Top
CIM LOGO